Radioen

On air

Kultur um 5  |  Gespréich mat der flamännescher Schrëftstellerin Gaea Schoeters ...

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Firwat geet d’Zuel vu Kanner mat spezifesche Besoinen an d’Luucht?

Educatioun

Firwat geet d’Zuel vu Kanner mat spezifesche Besoinen an d’Luucht?

An de Schoule kréien ëmmer méi Kanner eng speziell Betreiung, well si Schwieregkeeten am Unterrecht hunn. Firwat ass dat esou? A wéi funktionéiert déi speziell Betreiung?

auto_stories

4 min

headphones

23 min

Carole Meisch an de Sandy Marth | © Rick Mertens play_arrow
D'Carole Maisch (lénks) an de Sandy Marth (riets). (Foto: Rick Mertens)

ESEB steet fir “Equipe de soutien des élèves à besoin éducatifs particulier ou spécifiques”. Et ass also e Service, deen aus enger Ekipp vun Expertinnen a Experten an der Psychologie, Pädagogik a Sozialaarbecht besteet.

D'Directrice adjointe vum Enseignement fondamental zu Miersch Carole Maisch erkläert, datt et d’Enseignanteën an d’Enseignantë sinn, déi am direkte Kontakt mat de Kanner stinn. Deene falen déi éischt Zeechen op, wann e Kand spezifesch Besoinen huet. Scho bevir den ESEB kontaktéiert gëtt, ginn et hautdesdaags eng Rei Méiglechkeeten, déi eng Equipe pédagogique an der Schoul kann ergräifen, fir esou engem Kand ze hëllefen. Dorënner fält zum Beispill de Service vum Appui.

D'Kand soll gefërdert ginn

Wann awer dann opfält, datt d’Kand sech net genuch weider developpéiert oder sech souguer géif zeréckentwéckelen, da gëtt de Service vum ESEB iwwer gereegelt Prozeduren kontaktéiert. Zesumme mam Léierpersonal an den Eltere gëtt da gekuckt, wéi e Fërderplang fir d’Kand kann erstallt ginn.

Dozou gehéiert och, een Diagnostik an d’Weeër ze leeden. Eng Diagnose kann dacks scho vun der Ekipp vum ESEB gestallt ginn. Dat kënnen Diagnosen wéi eng Autismus Spektrum Stéierung (ASS) sinn, awer och Héichbegabung, Dyskalkulie, Dyslexie, Traumaen oder Sproocheprobleemer.

Spezifesch Betreiung vu Kand, Elteren a Léierpersonal

Wann de spezifesche Besoin vum Kand identifizéiert gouf, da kënnen deementspriechend Mesurë geholl ginn. Dat ka sinn, datt d’Kand d’Méiglechkeet kritt, aner Prüfungen ze schreiwen, awer och eng méi spezifesch Betreiung am an ausserhalb vum Cours.

An de Schoule kréien ëmmer méi Kanner eng speziell Betreiung, well se Schwieregkeeten am Unterrecht hunn.  | © Rick Mertens
An de Schoule kréien ëmmer méi Kanner eng speziell Betreiung, well se Schwieregkeeten am Unterrecht hunn. (Foto: Rick Mertens)

Iwwerdeems këmmert sech de Service vum ESEB och ëm d’Betreiung vun den Elteren an den zoustännegen d’Enseignanteën an d’Enseignanten. D’Carole Maisch wéisst drop hin, datt Kanner ëmmer sou wëlle sinn, wéi déi aner, an do misst dru geschafft ginn. All Kand wier verschidden an hätt verschidde Stäerkten a Schwächten.

Et gëtt net eng richteg Äntwert

De Service vum ESEB ass awer net nëmmen am Fondamental zoustänneg. Et ass een och an de Lycéeën aktiv an dat an all Spart. Och an deem Alter géifen nach Diagnose gestallt ginn, erkläert de Sandy Marth, Pädagog am Lycée zu Klierf.

Firwat d’Zuel vun de Kanner mat spezifesche Besoine géif an d’Luucht goen, dofir géif et net déi eng richteg Äntwert ginn. D’Bevëlkerung géif wuessen, dat wier jiddefalls ee Grond. Anerersäits géif et hautdesdaags awer och ee méi spezialiséierten a geschoulte Bléck ginn, wat d’Fréierkennung an d’Diagnosestellung géif ënnerstëtzen.

De Sandy Marth ass der Meenung, datt d’Demande fir den ESEB an deenen nächste Jore weider wäert klammen. 

Lauschterenplay_arrow

Edukatioun
Politik a Gesellschaft