Radioen

On air

Nei Musek  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Pro-palästinensesch Protester breede sech weider op amerikaneschen Unien aus  

Columbia, Yale an UCLA

Pro-palästinensesch Protester breede sech weider op amerikaneschen Unien aus  

Zanter Wochen hu sech an den USA d’Protester wéinst dem Gazakrich op den Unie verbreet an deels verschäerft. Wat op der Ostküst ugefaangen huet, huet sech awer mëttlerweil och bis op Los Angeles ausgebreet.

auto_stories

1 min

headphones

1 min

Anti-israeelesch Protester Los Angeles UCLA | © picture alliance / NurPhoto | Shay Horse play_arrow
Foto: picture alliance / NurPhoto | Shay Horse

An enger éischter Phas ware virun allem d‘Unien zu New York vun de pro-palästinensesche Protester betraff. Dorënner Columbia, d’New York University an d’Yale University. Do waren am Ufank vun der Woch iwwer 100 Demonstrante festgeholl ginn, well se refuséiert haten, déi net-autoriséiert Protester ze stoppen.

Gëschter um Donneschdegowend huet d’Police zu Los Angeles iwwer 90 Persoune festgeholl, wéi den Noriichtesender CNN matdeelt. D‘Demonstranten hätten um Campus vun der University of Southern California ënner anerem Zelter opgeschloen.

D’UCLA huet elo och ee gréissert Evenement am Kader vun der traditioneller Ofschlossfeier ofgesot. Bei deem Event si 65.000 Leit erwaart gi sinn.

De Virworf vun Antisemitismus

Och am Bundesstaat Texas si gëschter Ronn 30 Demonstrante festgeholl ginn. Wéi d’Washington Post schreift hätten Honnerte Studenten hire Cours verlooss a gefuerdert, datt d’Uni sech soll vun Entreprisen trennen, déi mat Israel Geschäfter maachen.

Den Demonstrante gëtt zum Deel Antisemitismus reprochéiert an eng Verharmlosung vun der islamistescher Hamas.

Lauschterenplay_arrow