Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Israel plangt wuel eng schrëttweis Buedemoffensiv zu Rafah

Noen Osten

Israel plangt wuel eng schrëttweis Buedemoffensiv zu Rafah

Israel hält un der Buedemoffensiv an der Stad Rafah am Süde vun der Gazasträif fest. Op Drock vun den USA ginn d‘Pläng awer elo geännert.

auto_stories

1 min

Leit duerchsichen een attackéiert Haus zu Rafah | © picture alliance/dpa | Mohammed Talatene
D'Stad Rafah am Mäerz 2024. (Foto: picture alliance/dpa | Mohammed Talatene)

Israel wéilt an där Offensiv an Etappe virgoen. Dat mellt de Wall Street Journal, dee sech op ägyptesch Sourcen a fréier israeelesch Offizéier berifft. Domat soll d‘Zuel vun den zivillen Affer begrenzt ginn.

Zu Rafah liewen Honnertdausenden Leit, déi Schutz gesicht hu virun der israeelescher Offensiv an Norde vun der Gazasträif.