Radioen

On air

Notturno  |  Pantha Du Prince - Welt Am Draht

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Comparution immédiate: Net de richtege Moyen fir e moderne Rechtsstaat

Fräie Mikro

Comparution immédiate: Net de richtege Moyen fir e moderne Rechtsstaat

Virun de Chamberwalen hu verschidde Parteien am Kader vun der Sécherheetsdebatt d’Aféiere vu Schnellgeriichter, der sougenannter Comparution immédiate, virgeschloen. Schnell Urteeler als Ofschreckung fir zukünftege Krimineller. Alt erëm eng einfach Léisung fir e komplexe Sujet ouni wierklech Aussicht doduerch grondleeënd eppes um reelle Problem ze änneren, mengt de Frank Wies a sengem fräie Mikro.

auto_stories

3 min

An hire Walprogrammer hunn déi zukünfteg Koalitiounsparteien CSV an DP alle béid d’Aféiere vun der Procédure de comparution immédiate am Strofrecht versprach. Wärend d’DP doduerch e Mëttel zur Entlaaschtung vun der Justiz gesäit, huet d’CSV dës Propositioun als een Deel vun engem an hiren Ae moderne Rechtsstaat presentéiert.

Et geet drëm, eng Persoun, déi verdächtegt gëtt eng Strofdot begaangen ze hunn, esou schnell ewéi méiglech virun ee Geriicht ze bréngen.

Ganz modern ass dat net, well et an anere Länner scho méi laange existéiert. A Frankräich an an der Belsch zanter dem Joer 2000, wärend Spuenien dës Prozedur schonns 1988 agefouert huet.

An der Belsch sanktionnéiert, mee op Lëtzebuerg importéiert

An der Belsch ass d’comparution immédiate ni richteg un d’Rulle komm, well d’Cour Constitutionnelle 2002 ee groussen Deel vum entspriechende Gesetz annuléiert huet. Dëst opgrond vun den onverhältnesméissegen Aschränkunge vun de Rechter vun deene Beschëllegte par rapport zu deene Leit déi an der normaler Prozedur dra sinn. Et goung virun allem ëm d’Zäit déi engem bleift fir seng Defense ze organiséieren.

Dat ass och eng vun de Kriticken um franséische System vun der Comparution immédiate, deen zanter 23 Joer existéiert, an un deem sech déi zwou zukünfteg Regierungsparteie wuel inspiréiert hu fir dat och hei anzeféieren. Tëschent engem an dräi Deeg no der Strofdot kann een a Frankräich verurteelt ginn. Do bleift kaum Zäit fir entlaaschtent Elementer zesummenzedroen, an d’Geriichter decidéieren also meeschtens eleng op Basis vun de Rapporte vun der Police. Dat ass genau déi Aschränkung vun den Rechter vun deene Beschëllegten, déi an der Belsch sanktionnéiert gouf an déi elo soll a Lëtzebuerg importéiert ginn.

Leit a prekäre Liewensverhältnisser gi benodeelegt

Et gouf och festgestallt, datt déi Beschëllegt, déi a Frankräich an der comparution immédiate jugéiert ginn, meeschtens aus prekäre Liewensëmstänn kommen. Dacks ouni Akommes, ouni feste Wunnsëtz oder ouni Openthaltsgenehmegung. De Virworf vun enger 2-Klassejustiz steet am Raum. Wou déi mat den eidelen Täsche méi schlecht ewech kommen, wéi déi mat de finanzielle Moyenen. Wirtschaftskriminalitéit riskéiert kaum an esou engem Hauruckverfahre jugéiert ze ginn.

Et ginn aner a besser Moyenen

Elo muss jidderengem dru geleeë sinn, datt et net ze laang dauert, bis ee Verbriechen opgekläert ass an Affer wéi och Täter vum Geriicht séier Gewëssheet kréien, wat hinnen zousteet.

Dat dierft awer net op Käschte vun den Rechter vun den Beschëllegte goen. Well wann een bis ufänkt, enger Kategorie vu Bierger e bësse manner Rechter zou ze gestoen, da si mir net méi an engem Staat wou all Mënsch gläich virum Gesetz ass. A wéi eng Garantie hu mir, déi Privilegéiert, datt mir net och enges Daags an déi schlecht Kategorie falen?

Et brauch méi wéi just Schnellegkeet fir ee moderne Rechtsstaat. Méi Moyenen, deelweis vereinfacht Prozeduren an Alternativen zum Strofvollzuch sinn do méi sënnvoll wéi einfach Léisungen ze importéieren, déi weder eng Justiz entlaaschten nach e positiven Effekt op d’Kriminalitéit hunn.