Radioen

On air

Notturno  |  Mind Enhanced Waves - Logan's Run

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Der ADR hiren duebele Langage

Commentaire

Der ADR hiren duebele Langage

An dëser drëttleschter Walkampf-Woch virun de Chamberwale vum 8. Oktober stoung ënnert anerem d'ADR am Mëttelpunkt. D'Vizepresidentin vum Ënnergrupp ADR International soll aus der Partei ausgetruede sinn, no Berichter vun RTL, datt si Kontakter zur franséischer rietsextremer Gruppéierung Civitas hätt. Si krut ënnert anerem antisemittesch Positioune virgeheit.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

play_arrow

D'ADR sot an de Reaktiounen, d'Anne-Marie Yim hätt demissionéiert, an domat wier den Dossier elo zou. Mee sou einfach ass dat net: Kuerz virun de Wale kritt d'Parteispëtzt net dementéiert, datt si am Gaangen ass e Rietsruck ze toleréieren, mengt de Jean-Claude Franck an engem Kommentar.

Mäerz 2012. D'ADR gëtt sech eng nei Parteispëtzt, de Fernand Kartheiser gëtt Parteipresident. Verschidde Parteileit sote mer deemools a Gespréicher, si hätte keng Angscht, datt d'Partei no der Ära vum Parteipresident Roby Mehlen no riets rutscht. Mam Jean Colombera wier bewosst e Vize-President ënnert dem Fernand Kartheiser, deen net sou konservativ wier.

Witzegerweis hält d'Geschicht vun der ADR op hirer eegener Websäit genee hei op. Wat dono koum, kann een haut als e Richtungswiessel bezeechnen. Nom Referendum iwwer d'Auslännerwalrecht vun 2015 sinn neit Leit an d'Partei komm, an haut, ënnert dem President Fred Keup, dem Deputéierte Fernand Kartheiser an dem Generalsekretär Alex Penning gi méi radikal an extrem Positiounen toleréiert.

Dan Hardy mat fragwürdegem Whatsapp-Profilbild

Am Juli huet den Alain Voossen missen op der ADR-Lëscht am Osten ersat ginn, nodeems ëffentlech gi war, datt hien an der Vergaangenheet op Facebook Nazi-frëndlech Poste gemaach hat. D'Parteispëtzt war net besonnesch schockéiert dowéinst.

Wéi mer dat de Moie gemellt hunn, hat de Vizepresident an ADR-TV-Moderator Dan Hardy a bis viru Kuerzem op WhatsApp e Profilbild, dat an der däitscher Reichsbürger-Szeen gängeg ass. Nodeems mer hien domat confrontéiert hunn, huet hien et séier geläscht. Fir de Rescht gouf alt nees behaapt, mir wéilten d'ADR jo just schlecht maachen.

No banne kee Probleem mat radikale Positiounen

D'Partei war och 100,7-Informatiounen no am Februar scho gewarnt ginn, datt hir Vizepresidentin vun ADR International méiglecherweis Probleemer mat der franséischer Justiz hätt wéinst hire Positiounen. Den Exekutivbüro huet net probéiert där Saach op de Fong ze goen, fir en connaissance de cause ze decidéieren, ob d'Anne-Marie Yim nach dierft op hirem Poste bleiwen. Nee, se huet just ofgemaach, datt se géif no Grënn siche fir d'Anne-Marie Yim net mat op d'Wallëschten ze huelen dëst Joer. Domat gëtt kloer, datt d'ADR no banne kee Probleem mat radikale Positiounen huet. Se fäert just, an der Ëffentlechkeet dowéinst geschleeft ze ginn.

Afferpositioun amplaz Responsabilitéit ze iwwerhuelen

Strategesch ass dat net clever: D'ADR war déi lescht Zäit drëms beméit als regierungsfäeg ze gëllen. Verschiddener hunn zouginn, datt si sech eng Regierungskoalitioun mat der CSV ënner Ëmstänn virstelle kéinten. D'ADR wëll och nees fënnef Deputéiert kréie fir an der Chamber de finanziell méi attraktive Fraktiounsstatus ze kréien. A wann d'Press dann drop opmierksam mécht, datt d'ADR en duebele Langage huet, da stellt d'ADR sech als Affer duer vun enger, wéi si seet, lénker Press, déi der ADR just schlecht wéilt. Dobäi kënnt et der Parteispëtzt net an de Sënn, datt et kéint hiert eegen Handele sinn, wat d'Partei esou zu engem Theema mécht.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Chamberwalen 2023
Politik
Politik a Gesellschaft
Noriichten