Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Conseil scientifique analyséiert Walgesetz

Familljememberen dierfen net zesummen an der Chamber setzen

Conseil scientifique analyséiert Walgesetz

Mat der Evolutioun vun der Familljenzesummesetzung, de Scheedungen an de neie Partnerschaften, huet sech d’Fro gestallt ob d’Walgesetz muss zu Lëtzebuerg ofgeännert ginn. D’Cellule scientifique vun der Chamber huet Recherchen zesummegedroen. D’Chamberinistitutiounekommissioun huet ee Mëttwoch hire Rapport iwwert den Artikel 131 vum Walgesetz publizéiert, wou d’Incompatibilitéite festgeluecht ginn. Zu Lëtzebuerg kënnen nämlech Persounen, déi matenee Famill sinn, net gläichzäiteg en Deputéiertemandat ausüben.

 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Den Artikel 131 vum Walgesetz beseet, datt d’Membere vun der Chamber weder dierfe bis zum zweete Grad matenee Famill nach duerch e Bestietnis matenee liéiert sinn. Am Fall wou si béid gewielt ginn, gëtt ausgeloust, wien zum gewielte Kandidat ernannt gëtt.

En direkte Lien bei Kanner aus fréierem Bestietnes

Dat gëllt zum Beispill fir ee Papp an seng Kanner, fir Geschwëster, fir Grousselteren an hir Enkelkanner, fir ee Schwéierpapp an seng Schnauer.

Am Rapport vum Conseil scientifique gëtt dann analyséiert ob Kanner vun engem fréiere Bestietnes och ënnert dem Prinzip vun der Incompatibilitéit falen, well se jo par Alliance gebonne sinn.

Do gëtt e Verfassungsexpert aus Frankräich zitéiert, deen zur Conclusioun kënnt, datt do awer een direkte Lien kéint bestoen. Dat well déi Kanner een direkte Lien an éischter Linn mam hirem Elterendeel hunn, an deemno besteet mam Mariage ee Lien am zweete Grad mam neie Partner.

Nom Doud verschwënnt den direkte Lien

Stierft de Partner oder gëtt d’Koppel gescheet, da verschwënnt dee Lien. Notéiere mir dann, datt déi Reegelen sech net op gepacste Koppel n applizéieren, um Niveau vun de Gemengewale gëtt et awer déi Restriktioun.

Déi familiär Incompatibilitéite stinn iwweregens zënter 1841 an der Lëtzebuerger Verfassung. De Conseil scientifique huet bei senge Recherchen d’Situatioun an 41 Länner analyséiert.

Nëmmen zu San Marino an zum Deel och an der Schwäiz ginn et där Restriktiounen. Bei de Schwäizer dierfe Monnien a Cousinen och net zesummen an zwee Kantonsparlamenter setzen.

Eng eenzel Famill soll net am Parlament dominéieren

Interessant ass zu San Marino an an der Schwäiz, datt déi familiär Incompatibilitéiten, net just fir Koppele gëllen, déi bestuet oder gepacst si mee och fir Partner déi zesumme liewen. Dat ass hei zu Lëtzebuerg net de Fall.

D’Zil vun deene Reegele schéngt et ze sinn, datt eng eenzeg Famill keng dominant Positioun an engem Parlament kann hunn. Déi concernéiert Parlamenter an der Schwäiz a San Marino si grad ewéi zu Lëtzebuerg relativ kleng, notéiert nach de Conseil scientifique vun der Chamber.

Lauschterenplay_arrow