Radioen

On air

Notturno  |  Jorge Ben Jor - Taj Mahal

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D’Atomzentral vu Cattenom soll gestoppt ginn

Atomkraaft

D’Atomzentral vu Cattenom soll gestoppt ginn

D’Atomzentral vu Cattenom soll gestoppt ginn, fuerdert d’Coordination antinucléaire Nord-Est, déi eng ganz Rei un Anti-Atom-Organisatioune regroupéiert. De Weekend gouf et zu Cattenom eng Manifestatioun un där och Greenpeace Lëtzebuerg, grad ewéi d’Anti-Atom-Netz Tréier deelgeholl hunn.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

play_arrow
Foto: Wikimedia Commons

D’Atomzentral vu Cattenom ass scho 40 Joer am Asaz. Frankräich wëllt d’Produktioun vu Stroum awer nach weider erlaben, dogéint gouf op der Manifestatioun protestéiert. Ënnert anerem ginn et an de franséischen Atomzentrale Sécherheetsproblemer mat Rëss a verschidden Deeler vun der Zentral, erkläert d’Elisabeth Quaré eng laangjäreg Aktivistin vum Anti-Atom-Netz Tréier.

"D’EDF, Electricité de France, huet sech schwéier gedoe fir zouzeginn datt et Rëss gëtt an enger ganzer Rei un Atomkraaftwierker.“

Déi Deeler, déi am meeschte betraff ware goufen zum Deel schonn ausgetosch, am Block 4 ass een nach amgaangen déi Deeler ze flécken.

Mee domat wier de Problem net geléist, betount d’Elisabeth Quaré. D’EDF géif selwer dovun ausgoen, datt d’Form vun de Kreesleef déi Rëss verursaacht huet. Dat heescht d’Kurven an d’Schweessstellen bei de Krëmmunge wiere predestinéiert fir esou Rëss ze bilden. Problematesch wier, datt een de Bau vum AKW net kann änneren, betount d’Elisabeth Quaré:

“Dowéinst ass et nom Austausch vun den Equipementer nëmmen eng Fro vun der Zäit, wéini nei Rëss zestane kommen.“

Da géif et nach de Probleem vun den extreme Wiederchangementer ginn, ënnersträicht d’Elisabeth Quaré. Am Summer misst wéinst der Dréchent d‘Stroumproduktioun vum Kraaftwierk erofgefuer an déi véier Reaktere mat Muselwaasser gekillt ginn.

Energietransitioun geet ouni Atomkraaft

D'Energietransitioun ass néideg wéinst dem Klimaschutz. Et ginn awer nach vill Persounen a Politiker déi der Meenung sinn, datt déi Transitioun ouni Atomkraaft net méiglech wier.

An Däitschland géif ee jo gesinn, datt alternativ Energien d‘Stroumbesoine kéinten decken, seet d’Elisabeth Quaré.

“A wann déi fréier Regierungen déi Projeten net ëmmer ausgebremst hätten, da wiere mer haut an enger Situatioun, wou mirr nach vill méi erneierbar Energië kéinte geliwwert kréien.“

Gelder fir Atomenergie sollen an erneierbar Energieprojete fléissen

An d’Atomenergieanlagen géife Milliarde fléissen, obwuel se net effizient wieren, bedauert d’Elisabeth Quaré.

“Dat Schlëmmst ass datt vill Geld an déi Atomkraaftwierker investéiert ginn. D’EDF ass héich verschëlt. Och de franséische Staat ass verschëlt, well den Atomstroumpräis kënschtlech erofgedréckt gëtt.“

Déi Milliarde kéint een an d‘Produktioun vun erneierbarer Energie stiechen. Frankräich huet ee grousst Potential mat senge Küste wou de Wand vill bléist. Deen Ament bräicht ee sech keng Suergen ze maachen, an et hätt een trotzdeem Stroum, erkläert d’Elisabeth Quaré.

Lauschterenplay_arrow