Radioen

On air

Notturno  |  Ana Frango Elétrico - Electric Fish

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wou kommen déi nei Wandrieder zu Nidderaanwen hi stoen?

Klima- a Gemengepolitik

Wou kommen déi nei Wandrieder zu Nidderaanwen hi stoen?

D'Gemeng Nidderaanwen huet sech d’Zil gesat, bis 2030 den Energiebedarf vun den ëffentleche Gebaier an de private Stéit iwwer erneierbar Energien ze decken. Wéi dat soll goen erkläert den CSV-Buergermeeschter Fred Ternes am 100,7-Interview.

auto_stories

3 min

headphones

14 min

play_arrow
Fred Ternes (Foto: Sophie Schroeder)

Déi schwaarz-gréng Koalitioun zu Nidderaanwen wëllt verstäerkt op Solar- a Wandenergie setzen.

Weder op Fräiwëllegkeet, nach op Obligatioune setzen

Op all Neibau muss zum Beispill eng Photovoltaik-Anlag installéiert ginn, fir existent Gebaier ginn et awer keng Obligatiounen. Fir eng gutt Klimapolitik ze maache misst een d’Leit mathuelen, sou de Fred Ternes. Hien hofft iwwerdeems, datt d’Regierung den aktuelle Klimabonus-Regimm iwwer den 30. Juni eraus wäert oprecht erhalen. Et wier schued, wann d’Zuel vun den Demande fir Bäihëllefe géif offlaachen, seet den Nidderaanwener Buergermeeschter.

"Natierlech muss een och kucken, wéi een et finanzéiert. Ech mengen am Koalitiounsprogramm steet jo och, datt éischter sozial Krittäre solle mat a fléissen. Mee wéi genau dee System ausgesäit, do hunn ech och keng weider Informatiounen."

4 potentiell Sitten

Spannend kéint et déi nächst Méint ginn, wa kloer gëtt, wou d'Wandrieder sollen hikommen, déi d'Gemeng well installéiere fir hiert Zil vun der Klimaneutralitéit ze erreechen. Am Moment géifen Etuden op véier potenzielle Sitte lafen, op deenen et virstellbar wier d'Wandrieder opzestellen. Et misst een do ënner anerem op de Kaméidi an op d'Beschattung vun de Rotorblieder oppassen.

Esou bal méi iwwer d'Ëmsetzbarkeet gewosst ass, géif een och domat un d’Ëffentlechkeet goen. Dat sollt nach dëst Joer de Fall sinn.

Bei der Klimapolitik ass sech de Gemengerot eens

Nidderaanwen wier net déi éischt Gemeng, wou Biergerinitiativen e Wandanlage-Projet op d'mannst retardéieren. Et géif ee mierken, datt d'Leit op eemol ganz séier kënne géint eppes goen, seet de Fred Ternes.

Hien ass awer optimistesch, datt een och zu Nidderaanwen d'Noutwennegkeet vun der Wandenergie géif agesinn. Et géif schonn zënter engem Joer dovu geschwat ginn, datt d'Gemeng klimaneutral géif ginn, wat de private Verbrauch ugeet. Déi véier Parteien am Gemengerot wiere sech do eens.

"Eng gutt Mëschung am Schäfferot"

D'Klimapolitik géif een nëmmen hikréien, wann eng grouss Unzuel u Leit matmécht. Hei léich den CSV-Buergermeeschter och mam Schäfferot op enger Linn.

"Ech muss soen zu Nidderaanwen ass eng gutt Koalitioun. Ech kréien ëmmer gesot, fir den CSV-Buergermeeschter bass du relativ gréng an déi gréng Persoun am Schäfferot, déi ass net extrem gréng. Ech mengen dat ass eng gutt Mëschung." 

Den CSV-Politiker ass zanter engem knappe Joer Buergermeeschter an der Gemeng Nidderaanwen. 

 

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft
Ëmwelt