Radioen

On air

Tockcity  |  Cola - Pulling Quotes

play_arrow Live
search

/ D'Reform vum Brevet de Maîtrise soll dem Handwierk nees Opschwong ginn

Handwierk

D'Reform vum Brevet de Maîtrise soll dem Handwierk nees Opschwong ginn

Mat iwwer 100.000 Salariéen ass d’Handwierk een zentralen Acteur an der Lëtzebuerger Wirtschaft. Mee et ginn ëmmer manner Leit zu Lëtzebuerg, déi un der Meeschterprüfung deelhuelen. Dat féiert dozou, datt Leit feelen, déi nei Betriber grënne kënnen, a bestoend Betriber hu Problemer, fir Nofollger ze fannen. Fir dëse Problem ze léisen, huet den Educatiounsministère 2023 eng Reform vum Brevet de Maîtrise an d’Weeër geleet, deen aktuell an der Chamber diskutéiert gëtt. 

auto_stories

4 min

headphones

4 min

© Dominik Scythe / Unsplash play_arrow
(Foto: Dominik Scythe / Unsplash)

D’Reform gesäit vir, datt den Accès op de Meeschterbréif méi oppe gëtt. Bis elo huet een entweder een Diplôme d‘Aptitude professionelle oder en equivalenten Diplom gebraucht, fir kënnen un der Meeschterprüfung deelzehuelen. 

Gutt Erfarungen am Liewensmëttelhandwierk gemaach

Mat der Reform sollen nach méi Diplomer fir d’Meeschterprüfung zougelooss ginn. De Marc Gross aus deem Direktiouns-Kommitee vun der Chambre des Métiers erkläert. et géif méi oft virkommen, datt Leit, déi een Diplom awer kee Meeschterbréif hunn, am Laf vun hirer Carrière bei engem Betrib an eng Situatioun kommen, wou si um Brevet de Maîtrise interesséiert wieren.

“Wat mir gemierkt hunn iwwer d’Joren, et ass een Interêt opkomm, datt net nëmmen traditionell Leit, déi een DAP hunn an de Brevet rakomm sinn, mee mir hu gemierkt, datt et e ganz staarken Interêt war vun anere Public-ciblen wat aner Diplomer ubelaangt. Um Niveau CLQ3, a surtout alles dat, wat driwwer ass vu Qualifikatiounen, déi u sech awer och mëttlerweil interesséiert sinn um Brevet.”

Eng Zweet grouss Verännerung, déi d’Reform mat sech brénge soll, ass d’Regruppéiere vu verschiddene Meeschterbréiwer an engem Domaine d’activité. Konkret heescht dat, datt Beruffer, déi an de nämmlechte Beräich falen, wéi de Bäcker an den Traiteur, beispillsweis ënner dem Meeschter am Liewensmëttelhandwierk zesummegefaasst ginn.

Iwwerdeems een dat scho mam Liewensmëttelhandwierk ëmgesat huet a gutt Erfarunge gemaach huet, gesäit d’Reform vir, datt dat mat alle Meeschterbréiwer soll geschéien. De Brevet géif esou méi attraktiv ginn, seet de Marc Gross.

Wann 3 bestoend Meeschter ënner engem Domaine zesummegeféiert ginn, kéint den Handwierker sech säin Aktivitéitsberäich nämlech méi flexibel raussichen.

"Wat speziell de Brevet valoriséiert ass, datt wann dee Kandidat de Brevet erhält, huet hien d’Méiglechkeet, sech an deenen 3 Beräicher ze etabléieren: Den Droit d’établissement."

Kritik vun der Oppositioun

Iwwerdeems d’Reform bei de Vertrieder:inne vum Handwierk gréisstendeels gutt ukënnt, kritiséiert déi politesch Oppositioun, datt de Ministère net vun der Occasioun profitéiert, fir de Meeschterbréif mat engem Bachelor gläichzestellen.

Och dat wier e wichtegt Element, wann ee wéilt versichen, méi Kandidate fir d’Meeschterprüfung ze interesséieren, seet d’LSAP Deputéiert Francine Closener. Am Ausland hätt een nëmme positiv Erfarungen domat gemaach, an och den Handwierkssecteur géif dës Gläichstellung fuerderen.

“Mir verstinn net, datt een hei net d’Geleeënheet hëlt fir wierklech eng Opwäertung ze maachen an ze soen: Mir weisen net nëmme mat enger Campagne, datt mir un d’Handwierk gleewen, mee mir qualifizéieren de Brevet an der selwechter Stuf a wéi eben e Bachelor. Wann et schonn hei eng Reform gëtt, vum Brevet, majo da wier et jo awer ganz liicht gewiescht, fir dat ze maachen.”   

D’AMELUX, déi sech fir d’Interesse vun de Meeschter:inne asetzt, kritiséiert doriwwer eraus, datt d’Reform zu enger ze grousser Liberaliséierung vum Droit d’établissment féiere géif. D’Angscht wier, datt d’Qualitéit vum Handwierk dorënner leide kéint, datt den Accès op de Meeschterbréif méi oppe gëtt.

D'Liberaliséierung vum Handwierk

D’Presidentin vun der zoustänneger Chamberkommissioun, d'Barbara Agostino vun der DP, preziséiert, datt dës Liberaliséierung scho méi laang amgaangen ass.

"Dat ass, datt de Brevet néideg war, fir eng Firmegrënnung bis 1996. An zënter 1996 ass de Brevet just eng vun den Optioune fir den Droit d’Etablissement ze kréien."

D’Chambre des Métiers huet deemools eng Reform vum Brevet de Maîtrise gefuerdert. Si sinn zefridden domat, wéi dat ganz bis elo ëmgesat gouf, a gleewen drun, datt duerch d’Reform nei Leit fir d’Handwierk kënne gewonne ginn. 

Gläichzäiteg wier een der Iwwerzeegung, datt d’Reform och e Positiven Impakt op d’Qualitéit vum Handwierk wäert hunn, esou nach de Marc Gross.

Lauschterenplay_arrow