Radioen

On air

Am Buedmantel  |  Redspencer - Ride It Out

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D’SPD-Membere hu fir de Koalitiounsvertrag gestëmmt

Nei däitsch Regierung

D’SPD-Membere hu fir de Koalitiounsvertrag gestëmmt

No CSU an CDU hunn och d’Membere vun der SPD fir de Vertrag fir d’Formatioun vun enger schwaarz-rouder Koalitioun gestëmmt.

auto_stories

1 min

Willy-Brandt-Haus | © picture alliance/dpa | Kay Nietfeld
Willy-Brandt-Haus (Foto: picture alliance/dpa | Kay Nietfeld)

84,6 Prozent vun den SPD-Memberen hunn dofir gestëmmt.

Dat huet d’Noriichtenagence DPA gemellt, nodeem d’Resultater vum Vott am Parteicomité matgedeelt gi waren.

Domat steet enger Ënnerschrëft vum Koalitiounsvertrag an Däitschland näischt méi am Wee.

De Vott vum Friedrich Merz (CDU) als neie Kanzler ass fir een Dënschdeg, de 6. Mee geplangt.

Walbedeelegung louch bei 56 Prozent

358.000 SPD-Membere konnte 15 Deeg laang iwwert de Koalitiounsvertrag ofstëmmen. 56 Prozent vun de Memberen hu sech bedeelegt.

Den SPD-Chef Lars Klingbeil soll neien däitsche Vizekanzler a Finanzminister ginn, huet d’DPA gemellt.