Radioen

On air

Fiasko Fest  |  S01E12: Dr. Carole Bauer an Tullio Forgiarini

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "The very last finalist is ... "

Eurovision Song Contest

"The very last finalist is ... "

Lëtzebuerg ass an der Finall vum Eurovision Song Contest. No der éischter Halleffinall gëschter Owend steet dat elo fest. Do hu sech 10 vu 15 Länner fir d’Finall qualifizéiert. Fir Lëtzebuerg war et awer spannend bis zum Schluss. 

auto_stories

3 min

headphones

3 min

Tali | © Sarah Louise Bennett-EBU play_arrow
Foto: Sarah Louise Bennett-EBU

 

D’Tali misst wierklech ziddere bis zum Schluss. Vun den 10 Kandidaten, déi sech fir d’Finall qualifizéiert hunn, gouf Lëtzebuerg als allerlescht annoncéiert.

“The very last finalist is ... Luxembourg!” 

Ziddere bis zum Schluss

No enger zwou Stonne laanger Show goufen déi eenzel Länner an enger zoufälleger Reiefolleg noeneen opgezielt. Als éischt Serbien, da Portugal, Slowenien, d’Ukrain, Litauen, Finnland, Zypern, Kroatien ... . An d’Zidderen ass weider gaange bis iergendwann och déi 9. Plaz besat war, duerch Irland, bis datt et dunn endlech geheescht huet: Déi 10. a leschte Plaz geet u Lëtzebuerg.

Fir déi 23 Joer jonk Sängerin war dat ee grousse Moment

“Ech sinn esou iwwerwältegt an esou frou. Mir goufen als lescht annoncéiert an ech gleewen et einfach net.”

Net nëmmen an der Halleffinall, mee och um Luxembourg Song Contest Enn Januar an der Rockhal, ass d’Tali op der leschter Startpositioun opgetrueden. Gëtt dat also een Dauerbrenner? Et schéngt net, well direkt no der Halleffinall huet d’Lous schonn decidéiert, datt d’Tali an der Finall e Samschden an der éischter Hallschent dru kënnt.

D'Freet war grouss beim Tali. | © Corinne Cumming - EBU
D'Freet war grouss beim Tali. (Foto: Corinne Cumming - EBU)

Prouwen, prouwen, prouwen

Virun der Press erzielt d’Sängerin nach eemol, wat hir duerch de Kapp gaangen ass, kuerz virun der Annonce, datt Lëtzebuerg weider ass.

“Ech hat bal een Häerzinfarkt. Et war wierklech brutal. Mee dunn hunn ech gesinn, wéi d’Kamera ëmmer méi no bei eis koum an ech duecht: 'Villäicht'. An dunn ass et geschitt an ech kann et ëmmer nach net gleewen.”

Island, Moldawien an Aserbaidschan konnten sech wéi, déi offiziell Wettbüroen et virausgesot haten, net fir d’Finall qualifizéieren. Éischter iwwerraschend war, datt aneschters wéi et sech erwaart gouf, Serbien a Slowenien et an d’Finall gepackt hunn, a Polen an Australien awer net.

En Donneschdeg steet dann déi zweet Halleffinall um Programm, wou déi nächst 16 Länner sech nach behaapte mussen.

Fir d’Tali stinn déi nächst Deeg mol e bësse Paus un, mee da geet et och schonn direkt mat den nächste Prouwe fir déi grouss Finall e Samschden Owend weider.

Lauschterenplay_arrow

 

Aktualitéit
Kultur