Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D’Torres hëlt sech de ganze Raum

Album vun der Woch

D’Torres hëlt sech de ganze Raum

Déi amerikanesch Musekerin “Torres” hëlt sech de ganzen Espace op “What an Enormous Room”, hirer sechster Studioplack, déi a Partnerschaft mat der Sarah Jaffe produzéiert ass. D’Plack ass eisen Album vun der Woch.

auto_stories

3 min

10 Songs stinn dran, an deem risege Raum, déi d‘Mackenzie Ruth Scott, wéi dTorres mam gebiertegen Numm heescht, all selwer geschriwwen huet. Donieft séngt si, spillt Gittar, Bass, Synthesizer, Uergel, Piano, a programméiert Drums. D’Lidder si kuerz a wéi Konzentrater vun Emotioun. Am Ganze sinn dat um Enn just knapp 36 Minutte Musek. Mee wéi den Titel et scho seet gefält sech d’Plack an deem groussen Espace, deen sech uneegent, an Terme vu Sound genee wéi och an den immens selbstbewossten Texter. D’Fro war: Wéi grouss kann et kléngen?

D’Torres ass als Indie-Rock-Songwriterin bekannt, zanter gutt 10 Joer beléift bei de Kritiker an engem Niche-Public. Si huet zu Nashville studéiert, an huet och do hir Karriär ugefaangen. Dat ass keng Stad, déi fir elektronesch ugehauchte Rockmusek bekannt ass. Wat se awer mat deenen natierlech mat Nashville a Verbindung stoende Countrymuseker a Singer-Songwriter gemeng huet, ass hir Sich no kompletter Authentizitéit. Och am Ophuelprozess.

Knapp, knackeg, grouss

D’Plack gouf an Zait vun enger Woch an der Wiesselwierkung mat der Produzentin a selwer och Singer-Songwriterin Sarah Jaffe opgeholl. Ee Prozess, deen déi zwou Musekerinne sichtlech genoss hunn. Heizou d’Torres: “Ech hunn d’Plack mat hir co-produziert well ech hiren Instinkter trauen. Ech wollt eng Plack, déi accessibel ass fir d’Leit an d’Sarah weess, wéi een dat erreecht.”

Déi hat hirersäits grousse Spaass, dësem onophalsamen an dynameschen Album duerch seng Ausdréck vu Roserei, Angscht, Trauer an Erliichterung ze follegen, an deene verschiddene Stëmmungen an Interpretatioune Raim ze schafen. “Ech hu mech ameséiert,” sot d’Sarah Jaffe am Interview mam Magasinn MusicTech. “Ech wéilt nach 60 Placke mat hir maachen — méi wann si mech léisst.”

Verlooss mech net

Hir lescht Plack, „Thirstier“, virun dräi Joer, war voller Angscht virun der Launechkeet vun der Léift. Déi heiten erzielt vun enger Léift, déi sech bewisen huet, an déi ee villäicht Angscht huet, ze verléieren oder ze verschäichen. An dësem Fall Reflexioune vun hirem Liewe mat hirer Verloobter Jenna Gribbon, eng Molerin.

Déi eenzeg Saach, där ech mir sécher sinn, ass all dat Danzen, dat ech kann.” Fänkt d’Torres d’Rees am funkegen Opener “Happy Man’s Shoes” d’Rees un, eng direkt Konfrontatioun vun der eegener Liewensgeschicht mat enger, déi gedeelt ass, de Kontrast tëscht sech higinn a sech selwer affirméieren.

Vun do aus geet et erof an d’Déifte vum Pessimismus, dee sech breet mécht, wa Konflikter verlaangen, genee dëse Kontrast opzeléisen. Am déifsten ass des chaotesch Däischtert op ‘I got the fear’, wou der Torres hir Stëmm ervirstécht, wärend si hir Muecht iwwer hir Partnerin entdeckt an erschreckt.

Gläichzäiteg verwandelt sech de Chaos op dësem Song a Rou, éier d’Torres zu Blummen erwächt op “Wake To Flowers”.

Eng gräifbar ënnerlech Rees

Wat d’Plack auszeechent, ass wéi se Gefiller ouni Effort a Musek verwandelt, an dat ass eppes, dat jiddereen novollzéie kann. Hir Situatioune sinn net eis Situatioune, mee d’Gefiller sinn déi selwecht.

D’Hoffnung weist de Wupp vun hirem Frack op Artificial Limits, nodeems “Ugly Mystery” nach eemol donkel un d’Angscht virum Friemgoen erënnert huet, an um Enn verbannen sech d’Alengstoen an d’Zesummesinn an deenen zwee Schluss-Songs: “Forever Home” a “Songbird” Forever, eng wonnerbar ambient Plage um Enn vun engem Album, dee psychologesch Prozesser duerch fein Beobachtung musikalesch gräifbar mécht.

Lauschterenplay_arrow

Musek
Nei Musek