Radioen

On air

De Weekend  |  Marys Fledermäuse

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Jessica Pratt – "Here In the Pitch"

Album vun der Woch

Jessica Pratt – "Here In the Pitch"

No fënnef Joer huet sech déi amerikanesch Singer-Songwriterin Jessica Pratt mat neier Musek zeréckgemellt. An där Zäit huet sech hire Sound net groussaarteg verännert. An awer huet si eng Schëpp drop geluecht.

auto_stories

4 min

Jessica Pratt (Foto: Samuel Hess)

Obwuel d’Jessica Pratt fir hire véierten Album déi éischte Kéier op Perkussioun, Saxofon a Flütten zeréckgegraff huet, bleift hire Sound subtil a minimalistesch. Sie kléngt nach ëmmer liicht verdreemt a mysteriéis, a séngt vu verhexten Zäiten an enger zéiflësseger, däischterer Matière aus dem déiwe Buedem. Tëschenduerch versprécht eis d’Singer-Songwriterin mat hirer himmlescher Stëmm den éiwegen Zesummenhalt a wäit Vuen: Ee komeschen Optimismus, deen iwwerzeegt.

Hir éischt zwee Albumen “Jessica Pratt” (2012) an “On Your Own Love Again” (2015) kléngen éischter wéi rau Demo-Versiounen an et mengt een, si hätt déi eleng bei sech Doheem an enger däischterer Schlofkummer opgeholl. Fir hier drëtt Plack “Quiet Sings” (2019) goung et du fir déi éischte Kéier an e richtege Studio.

Si hat Angscht, datt duerch eng besser Tounqualitéit de Charakter vun hire Songs géif verluer goen, mee ganz am Géigendeel. Se hu sech kristalliséiert a goufen doduerch just nach méi magesch.

Eng nei Plack

Wéi d’Musekerin elo fir déi nei Plack zeréck an de Studio goung, huet si zwar keng nei Methoden oder neie Sound entdeckt, mee si huet op d'Wësse vu leschter Kéier opgebaut. Esou kënnt et dann dozou, datt ee fir déi éischte Kéier och net just der Jessica Pratt hir Stëmm a Gittar héiert, mee souguer nach Perkussioun, Saxofon, Flütt a Klackespill mat drop komm sinn. Dobäi fonkelen am Hannergrond d’Backing Vocals an d’Uergelen, an alles kléngt esou glaskloer, datt et scho bal ufänkt mat blénken.

Fir “Here In the Pitch” zielt d’Jessica Pratt de Beach Boys hiren Album “Pet Sounds” (1966) als gréisste Referenz. Allerdéngs sinn et net de Beach Boys hir matrappent Harmonien, un deene si Inspiratioun fonnt huet, mee vill méi un deem, wat dotëscht läit. Et zitt si hei un d’Peripherie vun de Kläng, also bis dohin, wou se ausklénge gelooss ginn an ee se net méi héiert.

Dat ass och de Grond firwat an hirem Wierk éischter déi gesamt Atmosphär an de Raum zum Virschäi kommen, wéi elo just Téin.

Loft upaken? 

D’Jessica Pratt sot, si wier immens un deene Momenter an der Musek intresséiert, wou een d’Loft héiert a praktesch upake kéint. An genee dësen eidelen Espace, zesumme mat hirem verwäschene Gesang an de schimmernden Uergelen, suergen hei fir de richtegen Zauber.

Dobäi beweegt si sech baussent dem Almoudeschen a Modernen, wouduerch hirt Wierk nach méi mysteriéis gëtt. Mee dës Zäitlosegkeet ass net dat eenzegt geheimnisvollt: Fir déi nei Scheif huet si sech nämlech besonnesch op déi däischter Säit vum Californian Dream, also der Hoffnung fir séier bekannt a räich ze ginn, konzentréiert. Hei geet et ëm Charakteren, déi un dësem Dram zerbrach sinn, awer och ëm den Zerfall vun der Hippie-Era. Alles dat, wat am Endeffekt iwwereg bleift, ass ee komeschen Nohall, dee sech bal wéi ee Fluch an hir Musek eraschläicht. 

Stackdäischtert a schwaarze Pech 

De “Pitch” am Albumtitel “Here In the Pitch” ass iwweregens vun “pitch darkness” ofgeleet, also der Stackdäischtert. Gläichzäiteg ass de Pitch awer och schwaarze Pech, also eng Teer-aarteg Substanz, déi déif an eiser Äerd ze fannen ass. A vun do wou d’Jessica Pratt hierkënnt, nämlech aus Kalifornien, gëtt et dees genuch.

Mat hirem neien Album liwwert si eis Referenze vu verhexten Zäiten an eng zéiflësseg, däischter Matière aus dem Buedem. An dat alles an enger himmlescher Stëmm, déi eis den éiwegen Zesummenhalt a wäit Vuë versprécht. Ee komeschen Optimismus, deen am Endeffekt iwwerzeegt.