Vu Moskau kënnt den nämmlechte Virworf. Allerdéngs hat d‘Ukrain d‘Waffepaus net acceptéiert.
Historeschen Accord tëschent der Ukrain an den USA
Dat ukrainescht Parlament huet haut um Donneschdeg iwwerdeems den historeschen Accord mat den USA iwwert d‘Exploitatioun vun de natierleche Ressourcë vum Land ratifizéiert. Wochelaang war iwwert deen Accord verhandelt ginn.
Kiew erhofft sech domat, datt d‘USA der Ukrain elo weider Militärhëllef zoukomme loossen. Mat deem Accord kënnen d‘USA Edel-Mineralien, Pëtrol a Gas exploitéieren.