Radioen

On air

Notturno  |  Tindersticks - Were We Once Lovers

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Däitschland: Fréiere Kardinol krit sexuelle Mëssbrauch virgehäit

Kathoulesch Kierch

Däitschland: Fréiere Kardinol krit sexuelle Mëssbrauch virgehäit

An Däitschland gëtt et een neie Fall vu méiglechem Mëssbrauch an der Kathoulescher Kierch. 32 Joer no sengem Doud kritt de Ruhr-Bëschof Franz Hengsbach, dee spéider Kardinol gouf, sexuelle Mëssbrauch virgehäit.

auto_stories

1 min

Et geet ëm de presuméierte Mëssbrauch vun engem 16 Joer ale Meedchen. Dat am Joer 1954, am Äerzbistum Paderborn, wéi de Betraffenen Weibëschof war. D‘Affer hat sech 2011 gemellt an hat souwuel de Franz Hengsbach, wéi och deem säi Brudder, deen och Paschtouer war, belaascht. Deen huet dat dementéiert.

D‘Kathoulesch Kierch, déi selwer enquêtéiert, sicht elo no méigleche weideren Affer.