Radioen

On air

Tockcity  |  Cola - Pulling Quotes

play_arrow Live
search

/ De Projet “Zivilcourage am Netz” steet an de Startlächer

respect.lu

De Projet “Zivilcourage am Netz” steet an de Startlächer

"Zivilcourage am Netz", esou heescht dee Projet, deen de Ministère fir Gläichstellung an Diversitéit am gaangen ass zesumme mat der Cellule contre la radicalisation respect.lu op d’Been ze stellen. Dobäi geet et dorëm, den zivilgesellschaftlechen Engagement op den digitale Plattformen ze stäerken.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

Wéini de Projet "Zivilcourage am Netz" ka lancéiert ginn, ass fir de Moment nach net gewosst. | © Bigstock play_arrow
Wéini de Projet "Zivilcourage am Netz" ka lancéiert ginn, ass fir de Moment nach net gewosst. (Foto: Bigstock)

Am 100,7-Interview erkläert d'Karin Weyer vu respect.lu, datt et bei deem Projet konkreet dorëms geet, ee Géigennarrativ zu Haassried um Internet ze formuléieren. D'Zil wier et, datt jiddereen säi Bäitrag dozou leeschte kann, ouni sech selwer a Gefor ze bréngen, an ouni ze riskéieren, iwwer d'Grenze vum Gesetz erauszegoen.

"Dat ass eeben, wou een en engersäits gutt nodenke muss, éier een e schreift, also net einfach drop lass schreiwen, soss riskéiert een tatsächlech einfach aus der Emotioun eraus um nämmlechten Niveau oder nach schlëmmer ze äntweren, wéi dat wat een e gelies huet, wat engem net gefält." 

Wat ass hate speech? Wat dierf een, wat dierf een net soen? Wou sinn d'Grenzen och vun der Meenungsfräiheet? A wéi steieren ech mäin Ëmgang mat den eegenen Emotiounen? All dat si Froen, déi opkommen, an op déi een Äntwerte sicht. E weidere Punkt, deen erkläert gëtt, ass de Fonctionnement vun Algorithmen.  

Eng Responsabilitéit vu jidderengem

Zivilcourage wier souwuel online, wéi och offline eppes, wat eng Gesellschaft méi liewenswäert mécht, seet d’Karin Weyer am Kontext vun dësem Projet: Ee Projet, deen op Initiativ vu respect.lu soll Realitéit ginn.

"Wann ech Saache gesinn, déi net okay sinn, mengen ech, ass et eng Responsabilitéit vu jidderengem, eppes dergéint ze ënnerhuelen, ouni sech selwer a Gefor ze bréngen. An ech mengen, dat ass awer och e wichtege Punkt, dee mir och wëlle mam Projet ugoen, datt mir d'Leit wëllen outiléieren, wéi si domadder ëmginn, de Risiko ze minimiséieren, selwer an de Fokus ze geroden, respektiv wa si an de Fokus geroden, wat dann hir Méiglechkeete sinn, do dergéint sech dann och erëm ze wieren."

Wéini de Projet "Zivilcourage am Netz" ka lancéiert ginn, ass fir de Moment nach net gewosst. Respect.lu wier prett dofir, esou d’Karin Weyer. Et géif een op den “Ok” vum Ministère waarden.

Vum Ministère fir Gläichstellung an Diversitéit heescht et, et wier een nach am gaangen, um zäitlechen, inhaltlechen a finanzielle Kader fir dëse Projet ze schaffen.

Lauschterenplay_arrow