Radioen

On air

Nei Musek  |  150 Joer Arnold Schönberg

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ De Sträit tëscht frEsch ASBL a Richtung 22 geet weider

Kultur

De Sträit tëscht frEsch ASBL a Richtung 22 geet weider

Nodeems Richtung 22 de Kontrakt fir am Batiment 4 zu Esch ze bleiwen net méi verlängert krut, maache béid Säite sech géigesäiteg weider Reprochen.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: instagram vu Richtung 22

An engem Communiqué reagéiert d‘ASBL frEsch op d‘Reprochen déi Richtung 22 virun e puer Deeg op de sozialen Netzwierker gemaach hat. Déi wieren diffamatoresch, heescht et am Communiqué, deen ënnert anerem vum President vum Conseil an Escher Kulturschäffen Pim Knaff geschriwwe gouf, mee iwwert deen, eisen Informatiounen no, eng ganz Partie Membere vum Verwaltungsrot eréischt kuerz virun der Verëffentlechung informéiert gouf.

Ënnert anerem hat Richtung 22 geschriwwen, datt frEsch selwer gepräägt wier vun Intrigen, Interessekonflikter a verstoppte Finanzskandaler.

frEsch: Richtung 22 huet sech net u Reglementer gehalen

Weider heescht et am Communiqué vu frEsch, datt - anescht wéi Richtung 22 behaapt - de Kënschtlerkollektiv net aus dem Batiment 4 erausgeheit gi wier. De Kontrakt wier ënnert anerem net verlängert ginn, well de Kënschtlerkollektiv sech net u bestëmmte Reglementer gehalen hätt. Dobäi kéim datt de Mietvertrag an d’Konventioun fir de grousse Projet “Héichkultur amplaz Héichuewen” ausgelaf wier.

Dat wier faktesch falsch erkläert d’Michelle, Spriecherin vun Richtung 22.

„Mir hunn dee Vertrag virgeluecht an do steet dran, datt deen eréischt am September ugefaangen huet ze lafen. Elleng no der Begrënnung déi an dësem Communiqué steet, dierft dat faktesch gesi bis September weider lafen. Domat hu mir, wéi et elo am Communiqué steet, e lafende Projet zu Esch, mat enger lafender Konventioun zu Esch, a ginn trotzdeem elo virun d’Dier gesat.“

Richtung 22 wëllt Kontakt mam Verwaltungsrot vu frEsch

Och de Reproche datt Richtung 22 net zur Transformatioun vum Image vun der Stad Esch géif bäidroe léist de Kënschtlerkollektiv net stoen.

Et wier net ofzestreiden, datt Richtung 22 vill Projete géif maachen, och zu Esch.

„A mir froen eis natierlech och, wie wëll d’Escher Gemeng dann hei uschwätzen? A mir froen eis och wéi aner Politiker:innen zu Esch zu dësen Aussoe stinn.“

Wat d'Verloosse vum Batiment 4 ugeet, géif Richtung 22 elo op e Kontakt vum Verwaltungsrot vu frEsch waarden, wier awer och preparéiert am Fall wou si misste goen.

Lauschterenplay_arrow