Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Deal tëschent EU a Libanon: 1 Milliarden Euro fir Stroum u Flüchtlingen ze stoppen

Flüchtlingspolitik

Deal tëschent EU a Libanon: 1 Milliarden Euro fir Stroum u Flüchtlingen ze stoppen

D‘EU Kommissioun huet dem Libanon ronn eng Milliarden Euro versprach fir den Undrang u syresche Flüchtlingen aus dem Libanon an d‘EU ze stoppen. No Gespréicher mam libanesesche Premier an dem President vun Zypern huet d‘Kommissiounspresidentin dat annoncéiert.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Marwan Naamani
Foto: picture alliance/dpa | Marwan Naamani

D‘Sue stéinge vun dësem Joer a bis 2027 zur Verfügung. De Libanon soll dofir d‘Aktivitéit vu Passeure bekämpfen an déi illegal Migratioun verhënneren. D‘EU verflicht sech am Géigenzuch dozou, legal Weeër an Europa op ze halen a Flüchtlingen aus dem Libanon an d‘EU ëmzesidelen.

Donieft solle mat dëse Gelder och déi libanesesch Arméi a Sécherheetskräften ënnerstëtzt an d‘Gesondheets-, Bildungs- a Sozialwiesen am Land gestäerkt ginn.

Zypern huet souvill Asyldemandeure wéi soss kee Land an der EU

Virun allem déi zypriotesch Regierung hat déi ëmmer méi grouss Zuel vu syresche Flüchtlingen aus dem Libanon als net méi erdrobar kritiséiert an d‘EU opgefuerdert, ze handelen.

Zanter dem Ufank vum Joer wieren deemno ronn 4.000 Migrante mat Booter op der EU-Inselrepublik ukomm, d‘lescht Joer waren dat der am éischten Trimester nëmmen 78. Gemooss un der Awunnerzuel ginn et op Zypern esouvill Asyldemandë wéi soss néierens an der EU.