Radioen

On air

Thé Dansant  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Méi wéi 100.000 Leit wollten dem Poopst haut Äddi soen

Groussen Undrang zu Roum

Méi wéi 100.000 Leit wollten dem Poopst haut Äddi soen

Iwwer 100.000 Leit sollen haut schonn direkt zu Roum Schlaang stoen, fir dem verstuerwene Poopst François am Péitersdoum Äddi ze soen. Déi oppe Lued vum Chef vun der kathoulescher Kierch ass zënter dem Mëttwochmoien an nach bis e Freidegowend do opgeboort. Duerno gëtt d‘Lued zougemaach.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Christoph Reichwein
(Foto: picture alliance/dpa | Christoph Reichwein)

E Samschdeg de Moien um 10 Auer ass d‘Trauerfeier op der Péitersplaz. Begruewe gëtt de gebiertegen Argentinier dann – wéi vun him gewollt – an der Santa Maria Maggiore Kierch.

Vill international Politiker:innen hu schonn annoncéiert, un der Bäisetzung deelzehuelen. Dorënner den US-President Donald Trump, den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj, d'EU-Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen, den UN-Generalsekretär Antonio Guterres.

Och de Lëtzebuerger Premier Luc Frieden, de Grand-Duc Henri an d'Grande-Duchesse Maria Teresa wäerten also e Samschdeg un der Trauerfeier fir de verstuerwene Poopst François zu Roum deelhuelen. Dat hunn de Staatsministère an den Haff op Nofro hi confirméiert.

De Poopst François ass op Ouschterméindeg am Alter vun 88 Joer un engem Hiereschlag gestuerwen.