Radioen

On air

De Weekend  |  Lava La Rue - Push N Shuv

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Der Gemeng Péiteng feelen iwwer 400 Plazen a Maison-Relaisen

Educatioun

Der Gemeng Péiteng feelen iwwer 400 Plazen a Maison-Relaisen

An der Gemeng Péiteng waarden aktuell 459 Leit op eng Plaz an enger Maison Relais. Dat confirméiert de Péitenger Buergermeeschter Jean-Marie Halsdorf. De Familljeminister Max Hahn hat erkläert, datt et national gesi genuch Plaze ginn, et regional awer effektiv Problemer gëtt.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Unsplash

An enger Chamberdebatt iwwer dee Sujet hat de Piraten-Deputéierten a Péitenger Gemengeconseiller Marc Goergen präziséiert, datt e puer Honnert Plazen zu Péiteng feelen. Et wier ee sech der Situatioun bewosst an et géif ee stramm drop reagéieren, erkläert de Jean-Marie Halsdorf.

Nei Maison-Relaise gi gebaut

Fakt wier, datt zu Péiteng 233 an zu Rolleng 226 Plazen a Maison-Relaise feelen. Fakt wier awer och, datt den Ament weider Maison-Relaise gebaut ginn, betount de Péitenger Buergermeeschter Jean-Marie Halsdorf.

Zu Péiteng si mir amgaangen eng ze bauen. An do sinn d’Aarbechten effektiv gutt viru komm, dofir ginn ech dovun aus, datt an zwee Joer déi misst kënnen opgoen, 2025-2026 ganz sécher. An do stinn dann 237 nei Plazen. An zu Rodange si mir och un engem Projet, dee wäert e bësse méi laang brauchen, dee wäert 2026-2027 reell ginn. “ 

Zesummegerechent mat den 222 Platzen, déi duerch déi nei Maison Relais zu Rodange entstoe wäerten, kënnt een also op genee 459 nei Plazen. Wat der Zuel vu Persounen op der Waardelëscht entsprécht, erkläert de Péitenger Buergermeeschter.

Staarke Wuesstem a gratis Offer sinn d'Ursaachen

Deemno wier een amgaangen, d’Situatioun an de Grëff ze kréien, och wann déi entspriechend Demarchen nach daueren. Datt et zu enger sou grousser Waardelëscht komme konnt, féiert de Jean-Marie Halsdorf zum engen op de schnelle Wuesstum an der Gemeng zeréck, an zum aneren op déi politesch Decisioun, den Zougank zu Maison-Relaise gratis ze maachen.

Et sinn zwou Saachen: et ass éischtens déi politesch Decisioun, dat fräi ze maachen. Virdrun hunn d’Leit nach no anere Léisunge gesicht, an elo ass et ganz kloer datt d’Leit méi an déi Richtung ginn, wat och an der Rei ass, ech mengen déi politesch Decisioun ass geholl ginn. A parallel dozou si mir vill gewuess: mat ville jonke Leit, jonke Stéit, do sinn also vill Kanner.

De Jean-Marie Halsdorf ass sech ausserdeem sécher, datt an den nächste Budgets-Diskussiounen iwwer weider Maison-Relaise geschwat gëtt. D’Schoulpolitik wier zu Péiteng schonn ëmmer eng Prioritéit gewiescht, ënnersträicht de Buergermeeschter.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Edukatioun
Politik a Gesellschaft