Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
search

/ EU-Naturschutzgesetz nach ëmmer net sprochräif

Natur-Restauréierungs-Direktiv

EU-Naturschutzgesetz nach ëmmer net sprochräif

An der EU ginn ëmmer méi dacks fäerdeg verhandelt Accorden nees a Fro gestallt. Dat ass elo nees beim EU-Naturschutzgesetz de Fall. Wat ass ee politeschen Accord tëschent den EU-Institutiounen iwwerhaapt nach wäert? Dat froe sech ëmmer méi Observateuren.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

play_arrow

Den EU-Kommissär fir d‘Ëmwelt huet ufanks der Woch an engem ëffentlechen Debat mat den EU-Ëmweltministeren däitlech Wierder fonnt.

Ëmweltkommissär: "Een desastréist Signal“

Den Accord iwwer dat neit Naturschutzgesetz, wat dofir suerge soll, datt op d'mannst 30 Prozent vun endommagéierte Fläche renaturéiert ginn, elo nees a Fro ze stellen, wier een desastréist Signal, esou de Virginijus Sinkevicius.

"D’Impasse, an där mir elo sinn, wërft seriö Froen iwwer den Decisiounsprozess an der EU op. Speziell well d’Memberlänner dem Accord zejoert schonn zougestëmmt haten."

Am finalen Text wieren d’Bedenke vum Parlament a vu verschiddenen nationale Regierunge consideréiert ginn, esou de Litauer. Ouni dat Gesetz wäert d’EU hir Ziler an der Biodiversitéit bei sech doheem net erreechen. Ziler, fir déi sech d’EU weltwäit agesat huet.

“Mir hunn eis als Leader presentéiert, anerer inspiréiert an elo riskéiere mir mat eidelen Hänn op déi nächst Klimakonferenz ze fueren.”

EU verléiert u Credibilitéit

Am Dezember haten effektiv eng Majoritéit vun de Länner Jo zum Kompromësstext gesot. D’Europaparlament, wat sech och schwéier domat gedoen huet, huet um Enn mat grousser Majoritéit am Februar dofir gestëmmt.

Wéi sollen an Zukunft Accorden tëschent den EU-Institutiounen ofgeschloss ginn? Dat freet den ireschen Ëmweltminister Eamon Ryan.

"Elo hanner deen Accord ze goen ënnergrueft dee ganze legislative Prozess an der EU."

Ungarn op eemol dogéint

Dat fënnt och de Lëtzebuerger Minister Serge Wilmes, dee vum Risiko vun enger Vertrauenskris schwätzt.

"Et ass u sech just eng Formalitéit gewiescht. U sech hätte mir missen hei ouni Diskussioun den Text adoptéieren an da wier en duerch gewiescht. Et ass ganz wichteg fir d'Natur, fir d'Ëmwelt, fir de Klima a lo ass dat natierlech kuerz viru Schluss einfach esou mol blockéiert gi vun engem Memberstaat."

Effektiv war et dës Woch ee Land, an zwar Ungarn, wat seng Meenung geännert huet an am Contraire zu virdrun net méi mam Text liewe konnt.

Ungarn eleng d’Schold ze ginn ass awer virun allem en vue vun der Urgence, mat där d’EU esou ee Gesetz brauch, nëmmen déi hallef Wourecht.

Majoritéit war fragil

Ëmmerhin hate schonn zejoert Schweden, Italien an Holland géint den Text gestëmmt, wärend sech Éisträich, Finnland, Polen an och d’Belsch beim Vott enthalen hunn. Der belscher Presidence gouf dowéinst scho reprochéiert, si wier net déi richteg fir den Dossier virunzedreiwen. Dat léisst de belschen Ëmweltminister Alain Maron awer net esou gëllen. 

“Mir behandelen e wéi all déi aner. Mir sinn een éierlechen Negociateur. Mir sinn do, fir datt Texter ugeholl ginn, a mir wäerten eis virun dofir asetzen.”

Ob a wéini de Sujet nees op den Ordre du jour kënnt, ass bis elo net gewosst. 

Lauschterenplay_arrow


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

Aktualitéit
Europa
Politik
Ëmwelt