Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Parlament setzt sech fir méi virsichtegen Ëmgang mat Antibiotiquen an

EU-PHARMA-PAK

EU-Parlament setzt sech fir méi virsichtegen Ëmgang mat Antibiotiquen an

Een neit EU-Gesetz soll Medikamenter méi liicht zougänglech an abordabel maachen. Virgesi sinn och Mesuren, déi den Asaz vun Antibiotiquë méi streng reegelen.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

play_arrow
Foto: Unsplash

D’Europäesch Unioun huet aus der Corona-Pandemie geléiert a muss sech elo op eng méiglech nächst Epidemie preparéieren, esou gëschter an der Plenière am Europaparlament zu Bréissel deen däitsche Sozialdemokrat Tiemo Wölken.

“Das dürfte wahrscheinlich eine Epidemie von Bakterien-Infektionen sein, weil wir keine funktionierenden Antibiotika mehr haben. Und deswegen ist es so wichtig, dass wir in der Europäischen Union dafür sorgen, dass auch Antibiotika-Forschung weiter betrieben wird.”

Resistenzen op Antibiotiquë géifen an der EU all Joer zu 35.000 Doudesfäll féieren.

Antibiotique-Resistenz: De Problem hëlt massiv zou an der EU

De Problem vun der Antibiotique-Resistenz ass an der Praxis vun de Klinicke massiv present, huet dës Woch de Volkhard Kempf, Professer um Uniklinikum zu Frankfurt, op Invitatioun vum Europadeputéierte Peter Liese erkläert.

Das ist eine ganz neue Dimension, die sich in ganz Europa langsam aufbaut.”

D’Parlament ass dowéinst dofir, datt am Gesetz festgeschriwwe gëtt, datt den Asaz vun Antibiotiquë méi streng gereegelt gëtt. Zum Beispill doduerch, datt muss eng kloer Diagnos virleien, éier se verschriwwe ginn.

Keen Antibiotique ouni kloer Diagnos

Den Asaz soll iwwerdeems vun nationalen Autoritéiten iwwerwaacht ginn, an d’Patiente solle méi staark iwwer ee richtege Gebrauch opgekläert ginn. Een Antibiotique ze fréi ofzesetzen, géif Resistenze fërderen, esou den CDU-Politiker Peter Liese, dee selwer Dokter ass.

Et musse méi Antibiotiquë produzéiert ginn, dat soll duerch Ureizer fir d’Industrie erreecht ginn.

"Wir brauchen einen sorgfältigen Umgang mit Antibiotika, aber wir brauchen auch Innovation und ich bin dankbar, dass sich am Ende eine breite Mehrheit für das Voucher-, das Gutscheinsystem ausgesprochen hat."

Duerch esou Voucheren oder Bongen, soll eng Entreprise, déi en neit Mëttel op de Maart bréngt, belount ginn. Fir dee Bong ka si entweder selwer de Monopol op engem vun hire Produite méi laang behalen oder awer dat Recht un eng aner Firma verkafen.

Voucher als Ureiz ëmstridden

D’Parlament proposéiert dowéinst och aner Beloununge fir d’Entwécklung vun neien Antibiotiquen. De System vun de Voucheren ass nämlech net onëmstridden. Bis elo ass eng Majoritéit vun de Memberlänner dogéint.

"La révision de la législation pharmaceutique n'a pas été facile, mais je suis convaincue que nous avons réussi à trouver un bon compromis dans l'intérêt des patients et des systèmes de santé."

Esou d’Rapportrice vun deene Gréngen an deem Dossier, d’Tilly Metz.

Fir datt déi nei Reegelen a Kraaft trieden, mussen d’Memberlänner nach hir Positioun adoptéieren, duerno gëtt da mam Parlament doriwwer verhandelt.

Lauschterenplay_arrow


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

Aktualitéit
Europa
Gesondheet
Politik a Gesellschaft