Radioen

On air

Resonanzen  |  Léon Boëllmann - Zwee Stécker fir Cello a Piano, Op. 31, II. Menuet. Allegro - Trio Parnassus

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Projet de loi "Fin de vie": Frankräich wëllt Palliativmedezin ausbauen

Frankräich

Projet de loi "Fin de vie": Frankräich wëllt Palliativmedezin ausbauen

E Mëttwoch huet déi franséisch Gesondheetsministerin Catherine Vautrin dem Conseil des ministres de Gesetzesprojet “fin de vie” virgeluecht. Dës Reform huet zwee Voleten: d’Aféierung vun enger Stierfhëllef an den Ausbau vun der Palliativmedezin.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

© Bigstock / Chinnapong play_arrow
Foto: Bigstock / Chinnapong

D'Reform ass en zentrale Projet vum Emmanuel Macron senger zweeter Amtszäit. Grad bei der Palliativmedezin huet Frankräich nach vill nozehuelen.

Stand haut kréien a Frankräich grad emol een Drëttel vun de Patienten, bei deenen d’Palliativmedezin indiquéiert ass, esou een Traitement. An Zukunft kéint dëse Chiffer nach klammen. D’Gesondheetsministerin Catherine Vautrin huet um franséischen RTL erkläert, et misst een dofir elo handelen.

“On sait que, d'ici à 2035, on aura une augmentation de 16 pour cent de besoin de lits en soins palliatifs, mais l’idée, c'est de rattraper le retard et d’anticiper les besoins à venir.”

Fokus läit op Unzuel vu Better

Bis 2034 soll de Budget fir d’Palliativmedezin op 2,7 Milliarde klammen, dat sinn 1,1 Milliarde méi wéi aktuell. E grousse Fokus ass d’Unzuel vun de Better. Dräi Véierel vun dëse si sougenannt Lits identifiés de soins palliatifs, also Better, déi op verschidde Statiounen, wéi der Onkologie oder Geriatrie, ënnerbruecht sinn.

Manktem u spezialiséierten Unitéiten

Wourun et awer op ville Plaze feelt, si sougenannt Unités de soins palliatifs. D’Ségolène Perruchio, Chef du service de Soins Palliatifs an enger Paräisser Klinik erkläert:

“C’est absolument incomparable. Les unités de soins palliatifs sont des services spécialisés, assez densément dotés en personnel, avec dedans que des gens formés et qui ne se consacrent qu’à des prises en charge palliatives.”

20 Departementer hu guer keng Unité de soins palliatifs, dat soll sech dem Gesetzestext no bis d’nächst Joer änneren. Et bräicht eng méi homogen Verdeelung an eng Verdichtung vun de Palliativstatiounen.

Behandlung doheem kann net déi an der Klinik ersetzen

Och soll d’Unzuel vu Patienten, déi doheem traitéiert ginn, iwwer déi nächst zéng Joer vun aktuell 70.000 op 120.000 klammen. Dat kann der Ségolène Perruchio no awer net d’Behandlung an enger Klinik ersetzen.

“À domicile, malgré tous les soins extraordinaires qu’on peut faire et qu’on peut mettre en place, les patients sont souvent seuls ou seuls avec leurs proches et familles. Donc, il y a une charge importante qui repose sur les proches.”

Et gouf keng Formatioun fir Palliativmedezin

De Mangel u Personal an der Palliativmedezin huet verschidden Ursaachen, eng dovun ass d’Formatioun sot d’Ministerin.

“Notre pays n’était pas organisé en matière de soins palliatifs, il n’y avait pas de formation, pas de filière universitaire, nous créons cette filière universitaire.”

Stierfhëllef: Ganz aneren Usaz

Deen anere grousse Volet vum Gesetzesprojet ass d’Stierfhëllef. Fir d’Ségolène Perruchio ass dës awer net mat der Palliativmedezin kompatibel, well et zwee ganz ënnerschiddlech Usätz wären, wat elo fir Suerge bei de concernéierten Doktere suergt.

“On sent dans le monde des soins palliatifs une grande inquiétude de savoir comment on va pouvoir continuer à accompagner les patients en phase palliative.”

De Gesetzestext kënnt am Mee an d’Parlament, d’Reform vun der Palliativmedezin soll awer onofhängeg vun der Stierfhëllef ëmgesat ginn.

Lauschterenplay_arrow

Max Tholl (Paräis)


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.