Radioen

On air

Notturno  |  Rumble In Rhodos - Celebrate The Abundance

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'EU wëll méi séier Prozedure fir klimafrëndlech Technologien

EU: NETTO-NULL-EMISSIOUNS-INDUSTRIE-PLANG

D'EU wëll méi séier Prozedure fir klimafrëndlech Technologien

Zum EU-Plang fir méi klimafrëndlech Industrië gehéiert och d’Atomkraaft. Dee Plang huet awer näischt mat EU-Subsiden ze sinn, sou de Wirtschaftsminister Lex Delles op senger éischter Reunioun zu Bréissel. Et geet drëm, datt Entreprisen aus deene concernéierte Secteure méi séier Autorisatioune kréien. Dat soll och zu Lëtzebuerg geschéien.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

© Drew Hays / Unsplash play_arrow
D'Wandkraaft zielt och zu de klimafrëndlechen Industrien. (Foto: Drew Hays)

D’Kommissioun hat Technologien aus néng verschidde Secteuren als strategesch fir dee Plang fir méi klimafrëndlech Industrien definéiert. Dorënner sinn d’Wandkraaft, Batterien-Produktioun, erneierbare Waasserstoff oder awer Wäermepompelen.

Lex Delles: Plang ass "ganz an der Linn vum Koalitiounsaccord"

Entreprisen aus deem Beräich sollen duerch méi einfach Prozedure méi séier Autorisatioune fir Produktiouns-Site kréien. Et wier wichteg, dee Secteur och zu Lëtzebuerg auszebauen, seet de Wirtschaftsminister Lex Delles.

“De Plang ass ganz an der Linn vum Koalitiounsaccord, fir d’Delaien ze verkierzen, fir Industrie op Lëtzebuerg ze zéien, ebe grad an deene gréngen an nohaltegen Technologien, wou et soll virugoen, a wou mir och zu Lëtzebuerg eise Standpunkt wëlle befestegen.”

D‘Regierung wëll d‘Delaien och zu Lëtzebuerg verkierzen. Dofir soll sou séier wéi méiglech een interministerielle Grupp op d‘Bee gesat ginn, fir ze kucken, wou een d‘Prozesser acceleréiere kann, sou de Minister.

EU-Plang: Atomkraaft als klimafrëndlech Industrie

D’Atomkraaft war ursprénglech net als eng vun deene strategeschen Technologien agestuuft ginn. D’Memberlänner an iwwregens och d’Europaparlament gesinn dat awer anescht a wëllen hir eng méi wichteg Plaz ginn.

Däitschland hat sech dofir agesat, datt am Text explizitt festgehale gëtt, datt et hei net drëm geet, den Entreprisen an deene Secteuren EU-Subsiden zoukommen ze loossen. Lëtzebuerg ënnerstëtzt dat, sou de Minister.

“Also hei am Text geet et ebe grad explizitt drëm, datt mir hei net vu Fonge schwätzen, och net vun Investissementer vun der BEI. Hei geet et drëm, wéi mir déi kënnen d’Industrie an Europa stäerken, an do muss natierlech och Lëtzebuerg säi Bäitrag bréngen.”

Lëtzebuerg well net an d'Nuklearindustrie investéieren

Dee Beitrag bestéing awer net dra fir dofir ze suergen, datt sech Entreprisen aus dem Nuklear-Secteur am Grand-Duché nidderloossen, sou och de Minister.

“D’Lëtzebuerger Regierung steet weiderhin dozou, datt mir net wäerten als Lëtzebuerg an d’Nuklearindustrie an de nächste Joren, respektiv à long terme investéieren, fir do Energie draus ze kréien.”

Wa sech d’Memberlänner haut iwwer hir Positioun eens ginn, solle schonn d’nächst Woch e Mëttwoch d’Verhandlunge mam Parlament iwwer dee Plang fir d’Netto-Null-Emissiouns-Industrie ufänken. 

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Europa
Politik a Gesellschaft
Nohaltegkeet