Den Accord mat Groussbritannie wier en totalen a kompletten Accord, deen d‘Relatiounen tëschent béide Länner fir déi nächst Jore géif zementéieren, esou den Trump op sengem Reseau Truth Social. Et wier fir d‘USA eng grouss Éier, mat Groussbritannien een éischten Accord ze ënnerschreiwen. Detailer goufe bis elo nach net bekannt.
arrow_back_ios
100komma7.lu
100komma7.lu
/ Een éischt méiglechen Accord tëschent den USA a Groussbritannien
Zënter den US-Douanestaxen
Een éischt méiglechen Accord tëschent den USA a Groussbritannien
Den amerikanesche President Donald Trump huet een Handelsaccord mat Groussbritannien ugekënnegt. Dat wier den éischten Handelsaccord, deen d‘USA ënnerschreiwt, zënter der Annonce vum Donald Trump fir nei Douanestaxen anzeféieren uganks Abrëll.
auto_stories
1 min

USA - Groussbritannien (Foto: picture alliance / NurPhoto | Jakub Porzycki)