Radioen

On air

Nei Musek  |  E Portrait vum Anders Eliasson

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng deier Victoire fir de Macron a seng Regierung

Ëmstriddent Immigratiounsgesetz

Eng deier Victoire fir de Macron a seng Regierung

Gëschter koum et am franséische Parlament zur Ofstëmmung iwwer déi ëmstridden Immigratiounsreform, déi am Senat an an der Assemblée eng Majoritéit krut. Dës Victoire kascht d’Regierung awer deier, well si ëmmer méi déif an eng politesch Kris rutscht, mengt eise Korrespondent Max Tholl. 

auto_stories

3 min

headphones

3 min

© European Union play_arrow
Foto: European Union

D’Immigratiounsreform huet een dramatesche Wee hannert sech, deen ee mëttlerweil als business as usual a Frankräich ka betruechten.

Eng Carte blanche fir d'Droite 

Well eng éischt Versioun vun den Oppositiounsparteien ofgewise gouf, war et un enger Commission mixte paritaire ee Kompromëss ze fannen. Gëschter Moien, no laangen an zéie Verhandlungsronnn, estoung dësen. Allerdéngs gouf séier kloer, datt d’Regierung een héije Präis fir dëse muss bezuelen.

Well si an der Assemblée op d’Stëmme vun de konservative Les Républicains ugewisen ass, huet - an där Däitlechkeet muss een et soen - d’Regierung der Droite eng Carte Blanche ginn. D’Resultat: eng Reform, déi däitlech méi strikt ass an nëmmen nach wéineg mat der éischter Versioun vum Text ze dinn huet.

D'Regierung rutscht an d'Kris

Méi strikt Konditioune fir staatlech Prestatioune fir Auslänner, d’Kriminaliséierung vun illegaler Awanderung, eng Quotereegelung fir d’Immigratioun, eng Vereinfachung vun Expulsiounen a méi strikt Critèrë fir Regulariséierunge vun Auslänner ouni Openthaltsgeneemegung: dat si just e puer vun de Mesuren am aktuellen Text. Déi Konservativ klappe sech op d’Schëller: si sinn déi grouss Gewënner vun dëser Reform. D’Regierung awer rutscht ëmmer méi no riets an domadder déif an d’Kris. 

De Sozialist Boris Vallaud huet et op de Punkt bruecht: d’Regierung huet bei all hire roude Linnen noginn an d’“Ligne bleu marine” iwwerschratt. Et kann net verwonneren, datt och de Rassemblement National eng ideologesch Victoire fir sech beusprocht huet. D’Marine Le Pen hat kloer gestallt, datt hir Partei dës Reform an der Assemblée géing stëmmen. Ënnerstëtzung, op déi d’Regierung léiwer verzichte wollt.

Direkt no der Ukënnegung hunn sech Deeler vum lénke Fligel vun der Regierungspartei dofir ausgeschwat, géint d’Reform ze stëmmen. Um Enn hunn der 59 net fir den Text votéiert.

Kënnt et zu Demissiounen?

Nodeems et gëschter Rumeuren ëm Demissioune vu Ministere gouf, huet de Gesondheetsminister Aurélien Rousseau haut géigeniwwer Le Monde annoncéiert, datt hien zerécktriede wëll. Dat, obwuel d’Premierministesch de Moien nach sot, et hätt een nach keng Demissioun erhalen. Gëschter Owend awer hat sech d’Situatioun esou dramatesch zougespëtzt, datt een am Regierungslager keng aner Wiel hat, wéi ze annoncéieren, datt een den Text wäert zeréckzéien oder net promulgéieren, wann e just mam Support vun de Rietspopulisten eng Majoritéit kritt. 

uerz viru Mëtternuecht konnt sech den Inneminister Gérald Darmanin felicitéieren: senger Meenung no waren d’Stëmme vum Rassemblement National um Enn net entscheedend.

Ass de Macronismus um Enn? 

Elo steet een iwwerparteileche Kompromëss, deen awer intern Tensiounen no sech zitt. D’Regierungsmajoritéit wackelt, dat lénkst Lager an d’Zentriste sinn enttäuscht vun enger Regierung, déi sech vun der Droite an Extrême-Droite dréiwe léisst.

No dem Drama ëm d’Pensiounsreform am Fréijoer beweist dës Reform erneit, datt d’Regierung un hiren Ambitioune scheitert an u politescher Duerchsetzungskraaft verléiert. De Macronismus: dat war eemol d’Iddi, Parteigrenzen ze iwwerwannen. A senger zweeter Amtszäit kritt de President awer lo seng eege Grenze méi wéi däitlech opgewisen.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Europa
International
Politik