Radioen

On air

De Weekend  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Enseignanten aus der Voie de préparation fille sech am Stach gelooss

Educatioun

Enseignanten aus der Voie de préparation fille sech am Stach gelooss

Schaarf Kritik vum SEW un den Educatiounsministère: D‘Enseignantsgewerkschaft huet virun der Press eng Ëmfro presentéiert, an där d‘Enseignanten aus der Voie de préparation, also dem fréiere Modulaire, gewisen hunn, datt si sech gréisstendeels vum Ministère am Stach gelooss fillen.

auto_stories

2 min

Foto: Bigstock

De Secteur géif brennen, huet d‘Joëlle Damé, Presidentin vun der Enseignantsgewerkschaft erkläert. D'Enseignantë géifen iwwer Middegkeet, Stress an Iwwerfuerderung kloen, déi op d’Belaaschtung an der Schoul zeréck ze féiere wier.

Dréngend Changementer néideg

D’ Vera Dockendorf, Enseignante a Spriecherin fir den SEW, erkläert, datt an Zäite vun enger Enseignantspenurie, dréngend Changementer gebraucht ginn.

“Iwwer d'Hallschent vun den Enseignanten, déi aktuell an der Voie de préparation schaffen déi matgemaach hunn, hei bei eiser Ëmfro, hu gesot, datt se de Beruff ënner den aktuelle Konditiounen net méi wiele géifen, awer 98 Prozent vun hinne gesot 'Jo, ech hale gäre Schoul'."

Ausso lauschterenplay_arrow

Nach keng Äntwert op d'Fuerderungen

E Courrier mat Fuerderunge wier virun zwou Wochen un den zoustännege Ministère gaange mat enger Demande no enger Entrevue. Zu de Fuerderunge gehéiert beispillsweis d‘Erofsetze vun der Zuel vun de Schüler:innen an enger Klass vu 15 op 12, oder och d‘Hëllef bei der Betreiung a Form vun engem Educateur.

Och den neie Gesetzesprojet fir d‘Schoulflicht op 18 Joer eropzesetzen, gouf staark kritiséiert. Bis elo hätt et awer nach keng Äntwert säitens dem Ministère ginn, heescht et vun der Gewerkschaft.

 

Aktualitéit
Edukatioun
Politik a Gesellschaft