Radioen

On air

Europawalen  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Europawalen: Optakt vun der Walcampagne

Europwalkampf

Europawalen: Optakt vun der Walcampagne

Fënnef Woche virun den Europawalen huet de Walkampf offiziell ugefaangen. Um Weekend goufen uechter d‘Land Walpanneauen opgestallt a Plakater opgehaangen. 13 Parteien a Gruppéierungen huet Lëschte fir d‘Europawale vum 9. Juni opgestallt.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

play_arrow

Um Weekend goufen d‘Walpanneauen opgestallt a Plakater opgehaangen – déi nächst fënnef Woche kënnt een elo wuel kaum nach laanscht d‘Sloganen, Messagen a Fotoe vun den 78 Fraen a Männer, déi de 9. Juni fir d‘Europawalen hei am Land kandidéieren.

13 Lëschten: En neie Rekord

13 politesch Parteien a Gruppéierungen hunn zu Lëtzebuerg hir Lëschte fir d’Europawalen deposéiert. Dat ass e neie Rekord. 720 EU Deputéierter ginn tëscht dem 6. a 9. Juni an de 27 EU-Länner gewielt, dovu 6 zu Lëtzebuerg. An Däitschland gi 96 EU-Deputéiert gewielt. Déi héchst Zuel an engem Land. A Frankräich ginn der 81 gewielt, an an der Belsch 22.

De Walkampf fir d‘Europawalen ass schonn eng Zäit am gaangen. Och hei zu Lëtzebuerg, wou de Sujet Europa an der Lescht dominéiert huet. Op Parteikongresser, an Interviewen, bei de Gewerkschafts-Rieden um 1. Mee an natierlech op Instagram, Facebook an anere soziale Reseauen.

Optakt an de Medien

Haut ass also elo den offiziellen Optakt vun der Walcampagne an de Medien. Deemno lafe vun haut un, um Radio an op der Tëlee, och Walmessage vun de Parteien a Gruppéierungen. D’Medie mat engem ëffentlech-rechtlechen Optrag ginn do vun der ALIA encadréiert.

D‘Medien-Iwwerwaachungs-Autoritéit huet, mat de Medien a Parteien, och fir d’Europawalen en „elektoralen Dispositif“ festgeluecht. Mam Zil datt an de Wal-Table-ronden, Interviewen a Reportagen, eng objektiv, equilibréiert a gerecht Couverture assuréiert gëtt.

Ofkommes fir e gerechte Walkampf

Fir e gerechte Walkampf soll och e Walkampf-Ofkommes suergen, dat virun zwee Méint vun de 7 Parteien an der Chamber, plus Fokus, ënnerschriwwe gouf. Si hunn domat eng Partie Engagementer geholl: Dorënner, e maximale Budget vun 100.000 Euro fir Wal-Reklammen an de Medien. An eng Limitt vun de Wal-Panneaue laanscht d‘Stroossen. Maximal 120 där Grousser, a maximal 500 hëlzen Opsteller.

Mat deem Akkord hunn d’Parteien sech och nach dozou engagéiert, de Walkampf, esou wäit et geet, ökologesch ze halen. Dofir sollen zum Beispill d‘Wal-Gadgeten nohalteg produzéiert ginn.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Europawalen
Politik a Gesellschaft