Radioen

On air

Nei Musek  |  E Portrait vum Anders Eliasson

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fokus: Mir hunn net domat gerechent datt sou vill Kritik wäert kommen

Fokus, d'Bréck a Mir d'Vollék

Fokus: Mir hunn net domat gerechent datt sou vill Kritik wäert kommen

D’Generalsekretärin vu der Partei Fokus, Anne Winter, gleeft net drun, datt hir Partei bei den Europawale wäert ee Sëtz kréien. Zil wier et elo mol op dem Resultat vun de Walen am Oktober opzebauen.

auto_stories

1 min

headphones

28 min

play_arrow
Foto: Morgane Weidig

Bei de Chamberwalen hat Fokus kee Sëtz kritt a war bei 2,5 Prozent vun de Stëmme gelant. Wa Fokus dee Score de 9. Juni kéint verbesseren, dann hätt ee schonn ee gutt Resultat gemaach, sou d’Anne Winter am 100,7-Interview. Et wier ee sech och bewosst, datt d’Monica Semedo net nach eemol dee sewlechte Score wäert maachen wéi 2019, wou si - deemools fir d’DP - 50 Dausend Stëmme kritt hat.

"Mir hunn domat gerechent, datt negativ Stëmmen an och Kritik wäert kommen. Datt se sou hefteg wier, géigeniwwer vun enger eenzeger Persoun, hate mer effektiv net esou gemengt. Dat ass awer elo esou an, mir stinn trotzdeem, mat allem, hannert der Madamm Semedo."

D'Anne Winter betount iwwerdeems, datt d'Zesummenaarbecht tëscht hir an der Monica Semedo gutt géif funktionéieren. Sou wier geplangt, och no de Walen virunzefueren. 

Fir ee Sëtz zu Stroossbuerg brauch een als Partei eppes méi wéi 10 Prozent vun de Stëmmen.

 

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Europawalen
Politik a Gesellschaft
Interview