D‘Situatioun gëtt allgemeng als positiv bezeechent, deem stëmmt och d‘Oppositioun zou. Mat de Logementsbäihëllefen an den zukünftege Militärdepensë steet een awer och viru groussen Erausfuerderungen.
Recetten déi ëm 10,6 Prozent wuesse steet e Plus vun den Depensë vun 12,2 Prozent géigeniwwer. Beim Zentralstaat bleift e Plus vun 337 Milliounen Euro par rapport zu 401 Millioune virun engem Joer. Fir de Finanzminister Gilles Roth hunn op der Säit vun de Recetten d‘Loun- a Betribssteier souwéi d'Akzisen an d'TVA fir eng gutt Entwécklung gesuergt.
Ajustementer op Ausgabesäit net ausgeschloss
Op der Depensësäit hunn direkt an indirekt Investissementer souwéi Subventioune fir den ëffentlechen Transport, de Logement an d'Energie e groussen Impakt gehat. Allerdéngs stinn déi national Finanze dem Gilles Roth no virun enger grousser Erausfuerderung.
"Ech hoffen, datt wéi gesot d'Einname sech weiderhin dynamesch entwéckelen, well net ausgeschloss ass, dass mer vläicht déi eenzelen Ajustementer um Niveau vun den Ausgaben, déi se um Enn vum Joer nach musse maachen. An dono zielt och de Militärbudget."
Dee soll op 2 Prozent vum RNB klammen. Dat wieren all Joers Depensen an Héicht vun 1,2 Milliarden Euro. Hei muss eemol gekuckt ginn, wou dës Gelder sollen hierkommen an awer och wou ee se soll aus ginn, seet de Franz Fayot vun der LSAP.
Weider Detailer d'nächst Woch an der Chamber
Fir d'LSAP wier et eng rout Linn, datt eng Ëmlagerung vun de Recetten op Käschte vun de sozialen Ausgabe soll goen, oder op Investissementer am Beräich vum Klima.
"Mee et wäert awer och sécher iwwert méi Endettement goen a vläicht iwwert d'Mesuren, déi mat eiser Staatsbank, der SNCI vläicht kënne gemaach ginn."
De Finanzminister selwer huet op den Etat de la nation d‘nächst Woch verwisen, wou de Premier Luc Frieden weider Detailer wäert bekannt ginn.