Radioen

On air

Mixtape  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fir Januar bis Abrëll gëtt en techneschen Iwwergangsbudget deponéiert

Budget

Fir Januar bis Abrëll gëtt en techneschen Iwwergangsbudget deponéiert

Fir datt de Staat vu Januar bis Abrëll nächst Joer finanziell ka funktionéiere gëtt ee Gesetzprojet iwwert ee provisoreschen techneschen Iwwergangsbudget vun der Regierung deemnächst deponéiert. Warscheinlech ass dat schonn déi nächst Woch de Fall.

auto_stories

1 min

headphones

2 min

play_arrow
André Bauler (DP) ass President vun der Chamber Finanz-a Budgetskommissioun.

Wëll nach keng Regierung steet gëtt anescht wéi soss kee Gesetzprojet zum Staatsbudget am Oktober deponéiert. An deem provisoresche ginn déi selwecht Montanten un Depense gestëmmt wéi déi, déi am Budget 2023 virgesi waren.

Fir datt déi nei gewielte Majoritéit genuch Zäit huet fir e komplette Budget fir d'nächst Joer auszeschaffen, gëtt fir déi éischt véier Méint 2024 ee sougenannten "Douxième Provisoire" an der Chamber gestëmmt, erkläert den André Bauler vun der DP a President vun der Chamber Finanz-a Budgetskommissioun.

Net déi éischte Kéier

Dësen Iwwergangsbudget soll am Prinzip op dee leschte Staatsbudget 2023 berechent ginn. Och fir nei Ausgaben ass zanter 2014 eppes am Gesetz virgesinn. Am Abrëll soll dann den definitive Budget, mat de Prioritéite vun der neier Regierung gestëmmt ginn. 

Et ass net déi éischte Kéier datt op dee provisoresche Budget zréckgegraff gëtt. 2013, 2018 gouf dat gemaach an tëschent 1945 an 1969 gouf de Budget fënnef Méint nom Joresufank eréischt gestëmmt.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik
Noriichten