Radioen

On air

Time Flies  |  1997

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Frankräich a Polen wëllen an Zukunft méi enk zesummeschaffen

Kooperatioun

Frankräich a Polen wëllen an Zukunft méi enk zesummeschaffen

Méi Zesummenaarbecht an de Beräicher Wirtschaft, Technologie a virun allem Verteidegung. Dorop hu sech den Emmanuel Macron an den Donald Tusk de Freideg verstännegt. Mat Bléck op d’militäresch Kooperatioun steet virun allem eng Klausel am Mëttelpunkt.

auto_stories

1 min

De franséische President Emmanuel Macron an de polnesche Premier Donald Tusk | © picture alliance / NurPhoto | Andrzej Iwanczuk
De franséische President Emmanuel Macron an de polnesche Premier Donald Tusk (Foto: picture alliance / NurPhoto | Andrzej Iwanczuk)

Am Vertrag séchere sech béid Säiten eng géigesäiteg Verdeedegung zou, sollt ee vun hinnen ugegraff ginn. Den Donald Tusk sot, dëst kéint och eng Zesummenaarbecht bei der nuklearer Ofschreckung erméiglechen. Och den Emmanuel Macron huet ënnerstrach, datt d’nuklear Ofschreckung een Deel vun dësem Traité ass. Déi vital Interesse vu Frankräich géifen déi vun den enke Partner abegräifen. 

Gläichzäiteg hu béid Säiten awer ënnerstrach, datt dëse Vertrag keen Ersatz fir d’Sécherheetsgarantië vun der NATO an EU sinn. Och wëll ee méi staark zesumme schaffe bei der Cyberkriminalitéit an de Gefore fir d’Demokratie grondsätzlech. Op d’Militärparad de Freideg zu Moskau ugeschwat, huet den Emmanuel Macron däitlech Wierder fonnt: De President Putin stéing op der Säit vum Krich, net vum Fridden.

Mam Traité stellt Frankräich Polen op een Niveau mat Däitschland, Italien a Spuenie mat deenen een sou änlech Ofkommen och an de leschte Joren ofgeschloss huet.