De Wiktor Juschtschenko war vun Dezember 1999 bis Mee 2001 Premier an tëschent Januar 2005 a Februar 2010 President vun der Ukrain. Den Ekonomist vu Formatioun verléiert säin Amt als Regierungschef duerch e Mësstrauensvott, mee gewënnt no der sougenannter Oranger Revolutioun d'Presidentewalen.
3 Méint virdru war hien Affer gi vun enger Dioxinvergëftung, déi säi Gesiicht entstallt hat. Seng Presidence steet am Zeeche vum Sträit mat senger politescher Matspillerin Julija Tymoschenko. Hie wëllt d'Ukrain méi no un d'EU eruféieren an der NATO bäitriede loossen, mee kritt zweemol keng Perspektiv fir eng Memberschaft.
2010 kënnt hie bei de Presidentewale just op déi 5. Plaz.
Selenskyj mécht "e gudden Job"
Fir de Wiktor Juschtschenko geet de Moment all Dag an der Ukrain mat Attacken, Suergen a Panik un.
“All Moie sammelt de Putin d’Blutt vu Kanner, vu Fraen, vu Mammen a vun eelere Leit. An der Ukrain gëtt et also e groussen Haass géint dëse Besatzer.”
Et kéim engem vir, wéi wann een nees am Mëttelalter liewe géif, wou déi mënschlech Moral an e Mënscheliewen net vill Wäert hunn. Mee de Westen hätt seng Politik a seng Astellung geännert.
"Fir d’éischt an der Geschicht hu 54 Länner eng Allianz, eng Unitéit, géint e Besatzer forméiert. Dat gouf et net am Zweete Weltkrich.”
Dat géif vill aussoen iwwer d'Welt an iwwer Russland, esou den Ex-President vun der Ukrain. Wéi schätzt deen den aktuelle President Wolodymyr Selenskyj an?
"Ech mengen, datt de Wolodymyr Selenskyj haut e gudden Job mécht. Ech mengen, hien huet sech an dëse 6 Joer positiv entwéckelt.”
Wann a Russland näischt ännert bleift d'Angscht bestoen
D'Ukrain wier haut staark a gëeent a misst de Géigner zeréckstoussen, "als Géigeleeschtung fir all Quadratzentimeter an all Stéckche vu souveränem Land." Dat wier am grousse Ganzen den Triumph vun hirer Victoire, esou de fréiere Premier.
Mee wann et no enger Befreiung vun der Ukrain kee politesche Wiessel a Russland géif ginn, da bléif d'Angscht bestoen.
D'Ukrain a Russland hätten eng kloer Grenz, soudatt et keng territorial Fro géif ginn, äntwert den Ex-Premier op d'Fro, wéi e gerechte Fridde sollt ausgesinn. Datt den Ukrainer d'Krim an d'Géigende vun Donezk a Luhansk geholl goufen, wier animalesch fir si gewiescht.
“Et ass erstaunlech, datt et am 21. Joerhonnert nach ëmmer eng Debatt oder Froen iwwer d’Geopolitik, de Wiessel an der Politikgestaltung an d’Revisioun vu Kaarte gëtt.”
Lëtzebuerg kritt Merci gesot
D'Ukrain hätt ëmmer wëllen e fräit Land sinn, am Géigesaz zu Russland. Fir d'Ukrainer géing Russland, dat een Aachtel vun der Weltfläch anhëlt, fir "de Mëttelalter stoen".
A Russland hätt et schonn 2005 de Slogan ginn: Wou ass déi russesch Grenz? Do, wou opgehale gëtt, russesch ze schwätzen. An de Wladimir Putin hätt virun e puer Méint widderholl, datt Russland keng Grenzen hätt.
De Wiktor Juschtschenko huet um Enn Lëtzebuerg Merci gesot dofir, datt een hei e grousst Häerz a Versteesdemech fir déi haiteg Situatioun hätt.
De Wladimir Putin wier an eist Liewe komm, well et onvirsiichteg Mënsche gouf an Europa hätt nach vill ze dinn, fir dem Béisen ze äntweren, huet de Gaascht aus der Ukrain zum Ofschloss betount.