Radioen

On air

Notturno  |  Lucy Dacus - Vbs

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ G7-Staate wëllen de Krich fir Russland nach méi deier maachen

Wichtegst Industrienatiounen

G7-Staate wëllen de Krich fir Russland nach méi deier maachen

De Käschtepunkt vum Krich an der Ukrain soll fir Moskau däitlech an d‘Luucht goen. Dat hunn d‘G7-Staate gëschter op engem virtuelle Sommet versprach, um zweete Joresdag vun der russescher Invasioun.

auto_stories

1 min

D'G7-Ausseministeren op engem Sommet den 8. November 2023 (Foto: picture alliance/dpa | Sina Schuldt)

Russland sollt et nach méi schwéier gemaach ginn, fir u Geld ze kommen, a seng Efforte fir Krichsmaschinnen ze bauen, ausgebremst ginn, war et de Message vun de siwe gréissten Industrienatiounen an engem Communiqué. Si hunn och d‘Hëllefe veruerteelt, déi Moskau vu China, Nordkorea an Teheran kritt, an hu versprach géint déi Acteure virzegoen, déi de russesche Krich materiell ënnerstëtzen.