Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Gemengewalen zu Beefort a Bäerdrëf

Gemengewalen

Gemengewalen zu Beefort a Bäerdrëf

An zwou Gemenge misst net nëmmen een neit Parlament gewielt ginn, mee och een neie Gemengerot.

auto_stories

2 min

An der Proporzgemeng Beefort goufen d’Gemengewalen nogeholl, well sech rausgestallt hat, datt ee vun de Kandidaten net an der Gemeng gewunnt huet. Zwou Biergerlëschte sinn hei ugetrueden. Den aktuelle Buergermeeschter Camille Hoffmann vun der Lëscht “är Lett” gouf net confirméiert. Éischt gewielten ass, wéi och schonn am Juni, de Jean-Luc Nosbusch vun där selwechter Lëscht, an zwar mat 817 Stëmmen. Déi zweet an drëtt gewielt si vun der Lëscht “Biergerlëscht Beefort Déiljen Grondhaff” -  an zwar de Bruno Grilo Domingues an d’Lynn Mossong. Domat kënnt “är Lett”  op 5 vun 11 Sëtz am Gemengerot, wärend d’Konkurrenzlëscht op 6 Sëtz kënnt. Deemenstpriechend kéint et zu engem Wiessel un der Spëtzt vun der Gemeng Beefort kommen.

Bäerdrëf: Buergermeeschter Joé Nilles gëtt confirméiert

An der Majorzgemeng Bäerdrëf ass de klore Gewënner mat 670 Stëmmen de Joe Nilles, deen domat als Buergermeeschter confirméiert gëtt. Esou mellt et RTL. Hei sinn d’Gemengewalen am Juni ofgesot ginn, dat wéinst dem Dout vun engem Kandidat. Zweetgewielten ass mat 513 Stëmmen de Ben Streff, fir deen dat eng besonnesch Wal war: zesumme mat der Paulette Lenert ass hie gläichzäiteg am Bezierk Osten als Spëtzekandidat fir d’LSAP ugetrueden. Drëttgewielten ass de Marc Wintersdorf, deen och schonn Erfarung als Gemengeconseiller matbréngt.

Och an der Gemeng Noumer gouf gëschter duebel gewielt

Do ware Komplementarwalen, bei deene sech sechs Leit fir nach dräi fräi Plazen am Gemengerot opgesat haten.

Éischt Gewielten ass de Philippe Metz, dee 425 Stëmme krut. Och nach gewielt sinn d’Celia Reckinger mat 407 Stëmmen, an de Luc Watgen mat 397 Stëmmen.

Domat ass de Gemengerot zu Noumer elo komplett. Am Juni goufen et hei keng Gemengewalen, well et manner Kandidate wéi Mandater gouf.