Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gewerkschafte skeptesch zu Ännerunge vum Congé parental a Congé de maternité

Reaktioun vun OGBL an LCGB

Gewerkschafte skeptesch zu Ännerunge vum Congé parental a Congé de maternité

D’Gewerkschaften OGBL an LCGB reagéiere skeptesch op déi am neie Koalitiounsaccord ugekënnegten Ännerungen um Congé parental a Congé de maternité. D’Regierung wéilt de Famillje mat méi Flexibilitéit entgéintkommen, mee d’Gewerkschafte froe sech, wou d’Demande dofir iwwerhaapt hierkéim.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Unsplash

Déi aktuell Reegelung vum Congé de maternité gesäit aacht Woche virun an zwielef Wochen no der Gebuert vir. Esou soll et fir d’zukünfteg Mamm méiglech sinn, d’Aarbechtsliewe mat Zäiten ze verloossen an duerno och Zäit fir d’Kand ze hunn. Déi nei Regierung ënnert dem Premier Luc Frieden wëll dëse System elo änneren. Et soll méi flexibel sinn, fir de Familljen entgéintzekommen. Och de Congé parental soll ëm dräi Méint verlängert ginn, allerdéngs ouni méi Geld dofir ze kréien.

Eng Offer ouni Demande

De Christophe Knebeler vum LCGB freet sech, firwat déi nei Regierung d’Reegelung vum Congé parental a Congé de maternité ännere wéilt. D’Aféiere vum Congé de maternité vun der 32. Schwangerschaftswoch u wier generell positiv opgeholl ginn. Hier géif sech dowéinst d’Fro stellen, wou d’Demande fir dës Flexibiliséierung hierkéim.

“Et waren awer vill schwanger Fraen, déi och scho virum normalen Delai, wou den aktuelle Congé virgesinn ass, schonn net méi op der Aarbecht waren. Dat heescht datt si jo da souwisou Fraen, déi iwwerhaapt sech d'Fro net hätte kënne stellen, ob si méi spéit ginn.”

Den LCGB gëtt ze bedenken, datt et schwéier wier, esou ee flexibele Congé de maternité ëmzesetzen. Et géife ganz vill Inconnue ginn, déi kéinten optauchen.

Potenziell Gefor fir d’Gesondheet

D’Michelle Cloos vum OGBL betount, schwanger Frae wieren ofhängeg vum Beruff an der gesondheetlecher Konstitutioun ganz ënnerschiddlech belaascht. Ee fixe Congé de maternité hätt si och virdru geschützt, datt si sech verausgaben a sech och eventuell géigesäiteg Konkurrenz maachen.

“Et ass net just eng Work-Life Mesure, de Congé de maternité ass jo awer och eng gesondheetlech Mesure zum Schutz vun der schwangerer Fra a vum Kand.”

Eng méi strikt Reegelung wier dofir u sech net esou schlecht fir Diskussiounen ze vermeiden.

Och beim OGBL géif ee sech d’Fro stellen, wou dës Demande hier géing kommen. Och d’Revendicatiounen aus feministesche Kreesser wieren éischter an d’Richtung gaange fir dem Partner méi Congé ze accordéieren amplaz dat traditionellt Familljebild ze stäerken.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Gesondheet
Politik
Politik a Gesellschaft