Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Ice In My Eyes - Move

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ginn d’Fuerscher vum Staatsarchiv ausgebremst?

Den Hallwer Néng

Ginn d’Fuerscher vum Staatsarchiv ausgebremst?

Enn August huet de Benoît Majerus sech ëffentlech doriwwer beklot, datt hie bei enger Recherche iwwer Bréifkëschte-Firmen net deen Abléck an Archiv-Dokumenter kritt hätt, deen him zoustoe géif. Hien huet sech an deem Kontext d’Fro gestallt, wat d’Nationalarchiven ze verstoppen hätten. An engem Face-à-Face mam Historiker erkläert d’Direktesch vun den Nationalarchiven, d’Josée Kirps, firwat si de Fuerscher verschidden Dokumenter virenthält.

auto_stories

3 min

headphones

22 min

play_arrow
D'Josée Kirps, Direktesch vun den Nationalarchiven, an de Benoît Majerus, Historiker op der Uni Lëtzebuerg. (Foto: Jo Diseviscourt)

Lauschterenplay_arrow


 

De Benoît Majerus wollt am Kader vu senge Recherchen Dokumenter zur Relatioun tëschent Lëtzebuerg a Panama consultéieren. D’Dokumenter stamen aus de 50er Joren, sinn also nach keng 75 Joer al. Dofir si se laut Gesetz och net automatesch zougänglech. An deem Fall muss de Chercheur eng Derogatioun ufroen.

D’Archive ginn dës Demande da virun un de Producteur vun den Dokumenter. Dat war an dësem Fall den Ausseministère, deen och keen Awand hat. Den Accès ass just u verschidde Konditioune gebonnen. Beispillsweis muss d’Recherche am Interêt public sinn.

Archivgesetz an Dateschutz

Nodeems de Benoît Majerus den Accord kritt huet, duerft hien d’Dokumenter awer net consultéiere goen. De Grond: se wieren nach net anonymiséiert, esou d’Archiv. Doropshin huet de Benoît Majerus eng Plainte beim Conseil des archives gemaach, well bis lo d’Dokumenter an Dossiere réischt no der Publikatioun vun de Fuerschungs-Resultater anonymiséiert gi sinn.

D’Josée Kirps erkläert dës Entscheedung domadder, datt déi sougenannte “garanties appropriées” net garantéiert waren. Zu deene Garantie gehéiere Froe wéi: Firwat gëtt d’Recherche gemaach? Kënnt et duerno zu enger Ausstellung, enger Konferenz, oder enger Publikatioun? Wie fuerscht nach mat? Wéi zirkuléieren d’Donnéeën? Bei all deene Froe gëtt d’Archivgesetz op den Dateschutz rofdeklinéiert, esou d’Josée Kirps. Dofir hätt een och mam Dateschutzbeoptraagte vum Kulturministère geschwat.

Ass d’Recherche zu Lëtzebuerg onméiglech?

Fir de Benoît Majerus wier et inakzeptabel, datt déi gängeg Praxis geännert ginn ass. Et géing schliisslech zanter 2018 keen neit Gesetz oder Reglement ginn, wat eppes geännert hätt. Huet ee lo fënnef Joer an der Illegalitéit geschafft, freet sech de Benoît Majerus?

D’Josée Kirps seet, dat misst ee méi nuancéiert gesinn. Si hätt d’Dossiere selwer gekuckt, an do wieren d’Nimm vun de Leit, déi de Courrier kritt hunn, zum Beispill den Ambassadeur, net geschwäerzt. Aktuell géingen och knapps 15 Fuerscher op anonymiséierten Dossiere schaffen, an hätte kee Problem domadder. Dat gleeft de Benoît Majerus awer net. Déi Fuerscher géinge sech just net trauen, eppes ze soen. Fir hie sinn all d’Chercheure betraff, an et géing d’Recherche zu Lëtzebuerg onméiglech maachen.

D’Lëtzebuerger Fuerschung hänkt hannendrun

Och am internationale Verglach ass den Delai vu 75 Joer zimmlech laang. Mee ass d’Archiv doriwwer eraus och streng? D’Josée Kirps mengt net. D’Archiv géing wat d’Delaien ugeet hirer Meenung no an der Moyenne leien. Et wier awer schwéier, d’Balance ze halen. Op där enger Säit missten d’Archive laut Gesetz d’Donnéeë schützen, op där anerer Säit awer och de Chercheuren den Accès zu Informatioune ginn. Et wier een nach dobäi, ee Mëttelwee ze fannen, esou d’Josée Kirps. Dofir hätt een och Table-ronden mat de Chercheuren organiséiert, a Reunioune mam Ministère. Och wieren zanter 2020 eng 22.000 Demande vum Staatsarchiv traitéiert ginn, wou 472 Derogatiounen dobäi waren, a just 61 Leit kruten een negativen Avis.

De Fuerscher vun der Uni Lëtzebuerg bleift awer weiderhin onzefridden. De Masterstudenten op der Uni géing ee mëttlerweil scho soen, si solle kee Sujet zur Lëtzebuerger Zäitgeschicht wielen. Wann et eleng dräi Méint dauert, fir verschidden Dossieren ze schwäerzen, da géing keng Zäit méi bleiwen, fir d’Masteraarbecht ze schreiwen. Ausserdeem wier een zu Lëtzebuerg nach ëmmer dobäi, d’Geschicht vun de 50er a 60er Joren opzeschaffen, woubäi een am Ausland scho bei den 80er an 90er Joren ukomm ass.