Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Jordan Rakei - Freedom

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Hamas annoncéiert Fräiloossung vun der leschter US-amerikanescher Geisel

Noen Osten

Hamas annoncéiert Fräiloossung vun der leschter US-amerikanescher Geisel

Am Noen Oste gëtt et Hoffnung op Fortschrëtter bei de Verhandlunge fir eng Wafferou: D‘Hamas huet annoncéiert, datt si eng weider Geisel fräiléisst. Den 21 Joer alen Zaldot Edan Alexander, deen déi israeelesch an amerikanesch Nationalitéit huet, soll muer um Dënschdeg fräigelooss ginn. Dat ass um Dag, wou den US-President Donald Trump fir eng Visitt am Noen Osten erwaart gëtt.

auto_stories

1 min

Den Trump huet d‘Liberatioun vun der leschter US-amerikanescher Geisel an der Gazasträif eng "monumental Nouvelle" genannt. Et wier hoffentlech e Schrëtt, fir de Krich op een Enn ze bréngen, esou den Donald Trump op senger Online Plattform Truth Social. 

Den US-President wäert vu muer bis en Donneschdeg am Noen Oste sinn. Fir d‘éischt a Saudi-Arabien, an duerno Katar an d‘Vereenegt Arabesch Emirater. Hie reest awer net an Israel.