Radioen

On air

De Moien  |  Bertrand Belin - Nuits Bleues

play_arrow Live
search

/ D'Hamas beréit iwwer eng israeelesch Propos fir eng Waffepaus

Noen Osten

D'Hamas beréit iwwer eng israeelesch Propos fir eng Waffepaus

An der Nuecht huet déi radikal islamistesch Hamas deklaréiert, datt si iwwert eng israeelesch Propositioun iwwert eng Waffepaus an der Gazasträif an der Befreiung vu Geisele géif nodenken.

auto_stories

1 min

Palästinenser an engem Camp an der Gazasträif | © picture alliance / NurPhoto | Majdi Fathi
Foto: picture alliance / NurPhoto | Majdi Fathi

D‘Hamas hat Israel den 13. Abrëll iwwert Vermëttler aus Ägypten an dem Katar eng Propositioun iwwerreeche gelooss an där op eng permanent Wafferou insistéiert gi war. Israel hat eng Konterpropos formuléiert, iwwer déi d‘Hamas elo beréit.

D'Hamas huet déi nei Propos net direkt verworf, fuerdert awer weider eng permanent Wafferou, ee Réckzoch vun den israeeleschen Truppen an der Gazasträif, de Retour vun all den Deplacéierten an hir Wunnquartieren, grad ewéi massiv humanitär Hëllef.

Israel wëllt eng zäitlech begrenzt Waffepaus

Israel wéilt éischter eng Wafferou vun e puer Wochen, éier et zu weidere Buedemoperatiounen ëm Rafah kënnt.

D’Detailler iwwert déi israeelesch Géigepropos sinn de Medien net bekannt.

Weider humanitär Hëllef

D’EU huet gëschter eng nei Finanzhëllef fir déi humanitär Hëllef an der Gazasträif annoncéiert. Ee Budget vun 68 Milliounen Euro gouf accordéiert, fir de Palästinenser an der Gazasträif déi néideg humanitär Hëllef zoukommen ze loossen.