Radioen

On air

Soundcheck  |  Adrienne Lenker live zu New York, Anna B Savage am Roxy zu Prag

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Europawalen: 13 Parteien a Gruppéierungen hunn hir Lëschten deposéiert

Neie Rekord

Europawalen: 13 Parteien a Gruppéierungen hunn hir Lëschten deposéiert

Bis e Mëttwoch den Owend kënnen um Stater Geriicht Lëschte fir d’Europawale vum 9. Juni deposéiert ginn. Stand haut um Méindeg hu schonn 13 politesch Parteien oder Gruppéierungen dat gemaach, wat en neie Rekord ass.

auto_stories

2 min

Foto: Archiv

Nieft de 7 Parteien, déi an der Chamber vertruede sinn, ginn also nach 6 weider politesch Gruppéierungen an d’Course fir déi 6 Sëtz am Europaparlament.

Fokus mat zwee erfuerenen EU-Politiker:innen

Ganz nei am Verglach mat den Europawale vun 2019 sinn 3 Gruppéierungen: Fokus, Mir d’Vollek an Zesummen - d’Bréck. Ënner deenen 3 stécht Fokus ervir, déi ëmmerhi mam Ex-Europadeputéierte Fränk Engel a mat der aktueller Europadeputéiert Monica Semedo, déi viru 5 Joer op der DP-Lëscht gewielt gouf, zwee erfueren EU-Politiker opweises huet.

Fir Mir d’Vollek kandidéieren d’Corona-Impfgéigner Jean-Marie Jacoby a Peter Freitag, iwwerdeems Zesummen - d’Bréck vum David Foka ugeféiert gëtt.

adr wëllt Europadeputéiertemandat erreechen

2019 hate 6 Parteien oder Gruppéierungen, dorënner d’adr, d’Piraten, déi Lénk, Volt, d’KPL an déi Konservativ, keen Europadeputéiertemandat erreecht. Virun allem d’adr wëllt dat dës Kéier awer packen, woufir mat Fernand Kartheiser, Jeff Engelen an Alexandra Schoos och direkt 3 Lëtzebuerger Deputéiert op hirer Lëscht sinn.

D’Pirate gi mam Raymond Remakel an d’Course, Volt mat der Duebelspëtzt Aurélie Dap a Philippe Schannes, d’KPL mam Ali Ruckert, déi Konservativ mam Joé Thein an déi Lénk mat der Ana Correia Da Veiga, woubäi déi Lénk betounen, datt hir Partei keng Spëtzekandidatur huet.

DP: Gusty Graas verdeedegt zweete Sëtz vun der Monica Semedo

Bleiwen nach déi 4 Parteien, déi viru 5 Joer op d’mannst ee Sëtz kruten: d’DP, d’CSV, déi gréng an d’LSAP. Fir d’DP trëtt nach emol den Europadeputéierte Charel Goerens un, deen 2019 als national Éischtgewielte reegelrecht plebiscitéiert gouf. Fir den zweete Sëtz vu viru 5 Joer vun der Monica Semedo ze verdeedegen, ass den nationalen Deputéierte Gusty Graas mat op der Lëscht.

Ëmkämpften Tickete fir op Stroossbuerg

D’CSV geet mam Ex-Europadeputéierten an designéierten EU-Kommissär Christophe Hansen an den zwou Europadeputéierten Isabel Wiseler-Lima a Martine Kemp an de Kampf ëm d’Stëmmen, déi gréng mat der Europadeputéiert Tilly Metz an dem Lëtzebuerger Deputéierte François Bausch an d’LSAP mam Europadeputéierte Marc Angel an den nationalen Deputéierte Liz Braz, Mars Di Bartolomeo a Franz Fayot.

Nach ni waren d’Tickete fir op Stroossbuerg deemno esou ëmkämpft.

 

Aktualitéit
Europawalen
Politik a Gesellschaft