Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Heeschpelter Mordprozess: Affekot stellt Beuerteelung vum Psychiater a Fro

Parquet général fuerdert weiderhi 25 Joer Prisong

Heeschpelter Mordprozess: Affekot stellt Beuerteelung vum Psychiater a Fro

Am Heeschpelter Mordprozess soll et och am Appell bei enger Prisongsstrof vu 25 Joer fir d'Ugeklote bleiwen. Dat war op alle Fall gëschter um Dënschdegmëtteg op der Cour d'appel an der Stad d'Fuerderung vun der Vertriederin vum Parquet général. D'Géigesäit üübt Kritik un der Aarbecht vum Psychiater.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© Eric Ewald play_arrow
(Foto: Eric Ewald)

Am Februar 2022 hat eng Fra an der haiteger Gemeng Groussbus-Wal hire Mann op d'mannst 6 Mol mat engem Hummer op de Kapp geschloen. D'Affer war awer net direkt gestuerwen a seng Läich eréischt am Mäerz am Keller vu sengem Haus fonnt ginn. Fir déi Dot war d'Fra am Januar um Dikrecher Geriicht zu 25 Joer Prisong verurteelt ginn.

Eng Gefor fir sech an aner Leit

Am Appellprozess wëllt si déi Strof reduzéiert kréien, well den Expert-Psychiater hir Krankheet net richteg erkannt hätt, wéi si ënner Tréinen aussot. Si hätt hire Mann net wëllen ëmbréngen. Ee Mann, deen ëmmer gedronk, si erniddregt a geschloen hätt.

Och fir hiren Affekot hätt de Psychiater a senger Beuerteelung vun der Fra Feeler gemaach, an dat éischt Urteel hätt de Rapport vum Expert net genuch a Fro gestallt.

Dem Me Biltgen no hätt de Psychiater d'Fra eréischt ee Mount no der Dot gesinn. Hiren Zoustand wier dunn awer net méi dee selwechte gewiescht. Si hätt déi Zäit Halluzinatioune gehat. Dobäi hätt den Expert gesot, datt wann et därer gouf, d'Fra net schëlleg wier.

A well si och eng Gefor fir sech a fir anerer wier, misst si onzourechnungsfäeg erkläert ginn. Dat géif bedeiten, datt si an d'Psychiatrie kéim amplaz an de Prisong. Fir de Me Biltgen géife 25 Joer do der mentaler Krankheet vu senger Cliente allzäit net Rechnung droen.

"Aussergewéinlech Brutalitéit vun der Dot"

Dogéint huet d'Vertriederin vum Parquet général d'Confirmatioun vum éischten Urteel gefrot. D'Fra hätt wuel eng psychesch Stéierung gehat, déi hir Urteelsfäegkeet affektéiert, se awer net opgehuewen hätt. An och d'Expertise vum Expert-Psychiater wier net a Fro ze stellen.

Well donieft keng Noutwier a keng Provokatioun virgeleeën hätt, kéinte keng Circonstance-atténuanten zeréckbehale ginn. Villméi misst ee sech "déi aussergewéinlech Brutalitéit vun der Dot" virun Aen halen.

D'Appellsurteel gëtt den 3. Juni gesprach.

Lauschterenplay_arrow