Radioen

On air

Tockcity  |  Sam Fender - Little Bit Closer

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ RTL/Lunghi-Affär: Confirmatioun vum éischten Urteel gëtt gefrot

Parquet général

RTL/Lunghi-Affär: Confirmatioun vum éischten Urteel gëtt gefrot

De Vertrieder vum Parquet général freet d'Confirmatioun vum éischten Urteel an der sougenannter RTL/Lunghi-Affär: Dat war den Haaptconstat gëschter um Méindeg um éischten Dag vum Appellprozess ëm déi medial Couverture vun RTL iwwer de fréiere Mudam-Direkter Enrico Lunghi.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© Adobe Stock play_arrow
(Foto: Adobe Stock)

An där Affär geet et ëm een Interview vun RTL Télé Lëtzebuerg, deen d'Sophie Schram am September 2016 mam Enrico Lunghi gemaach hat. Deen hat dobäi ee Moment, ausser sech, de Mikro vun der Journalistin ewechgeschloen a si mam Aarm geholl. RTL hat an der Suite dovun de Virworf gemaach kritt, e Reportage doriwwer wier manipuléiert gewiescht.

Positioune bleiwen déi selwecht

Wéinst Diffamatioun waren am Dezember 2023 um Stater Geriicht d'Ex-RTL-Journaliste Sophie Schram a Marc Thoma zu allkéiers 1.000 Euro Geldstrof verurteelt ginn. Donieft gouf dem Enrico Lunghi de symboleschen Euro zougesprach.

Den Ex-Direkter Alain Berwick an deen an der Tëschenzäit verstuerwene Programmchef Steve Schmit waren iwwerdeems viru ronn annerhallwem Joer fräigesprach ginn.

Gëschter um Méindeg blouf et bei den ënnerschiddleche Positiounen zu deem Interview, obwuel ronn eng Dräivéierelsstonn Biller vum Virfall gewise goufen.

D'Sophie Schram huet duerno vun hirem Leidenswee an de leschte knapp 10 Joer geschwat. D'Gespréich wier normal verlaf, bis den Enrico Lunghi "ausgerast" wier, esou d'Ex-Journalistin. Duerno hätt hie gefrot, datt déi Zeen net sollt gewise ginn.

Enn vum Prozess wuel e Mëttwoch

Dogéint huet den Ex-Mudam-Direkter gemengt, hien hätt de Mikro just erofgedréckt a keen anere Choix gehat. Hien huet och vun engem liichte Gest geschwat. Do virdrun hat den Alain Berwick erkläert, e Journalist hätt net esou ënner Drock gesat an agresséiert ze ginn. Iwwerdeems de Marc Thoma der Meenung war, datt den Enrico Lunghi wuel net un hie gaange wier, wann hien deen Interview geféiert hätt.

Am betraffene Reportage wier och net "hin an hier geschnidde ginn". Vill méi wier näischt Aussergewéinleches domat geschitt. Dobäi haten d'Sophie Schram an de Marc Thoma virgehäit kritt am Reportage Zeenen unenee gereit ze hunn, déi e falscht Bild vum Virfall ginn hätten.

Dësen Appellprozess dierft muer um Mëttwoch op en Enn kommen.

Lauschterenplay_arrow