Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Hu kleng regional Kinoen eng Zukunft?

Regional Kinoen

Hu kleng regional Kinoen eng Zukunft?

De Kino zu Iechternach iwwerlieft just, wa genuch Sue fir en neie Projekter zesummekommen. D'Ënnerstëtzung vum Public fir de Cinésura ass grouss. De fréiere Vizepresident vum Kino an och d'CDAC, déi déi aacht regional Kinoen zu Lëtzebuerg ënnerstëtz, sinn alles an allem zefridde mam Undrang op kleng Kinoen.

auto_stories

2 min

headphones

24 min

play_arrow
Frank Wilhelm (lénks) a Pit Marmann (riets) (Foto: Morgane Weidig)

De fréiere Vizepresident vum Cinésura, Frank Wilhem weist sech zouversiichtlech, datt de Kino genuch Sue fir de Projekter zesumme kritt. E Liwwerdatum fir de neie Projekter géif och scho stoen. Domat kann den iwwer 100 Joer ale Kino zu Iechternach nach eng Zäit erhale bleiwen.

Ze Verdanke wier dat virun allem engem treie Public, betount de Frank Wilhelm. Souwuel iwwer e Crowdfunding mee och duerch den Ticketsverkaf konnt de Cinésura déi néideg Sue sammelen. 

De Cinésura fonctionéiert, wéi vill aner regional Kinoen hei am Land, als a.s.b.l. an ass doduerch och op Fräiwëlleger ugewisen. Ënnerstëtzt ginn déi aacht regional Kinoen zu Lëtzebuerg vun der asbl CDAC. De Pit Marmann vun der asbl ass zoustänneg fir d'Programmatioun an d'Bestellunge fir déi aacht Kinoen.

A regionale Kinoe ginn d'Leit gär Lëtzebuerger Produktioune kucken

Och an Zäite vun Netflix gëtt et nach ëmmer eng Demande no klenge Kinossäll uechter d’Land, erkläert de Pit Marmann. An an deene klenge Säll géifen net onbedéngt déi selwecht Filmer gefrot, wéi an de méi grousse Stater Kinoen.

"Wat eis enorm freet, d'Demande fir Lëtzebuerger Produktiounen a Lëtzebuerger Koproduktiounen. Virun allem dann och, wa lëtzebuergesch geschwat gëtt, do mierke mir ëmmer rëm, datt, d'Clientèle, also déi ganz lëtzebuergesch Clientèle, da virun allem bei eis an d'Kinoen, déi Filmer kucke kënnt. Do ass eis Part-marché dann ëmmer iwwerproportional héich a ganz oft, ass et och sou, dass, souguer d'Hallschent vum Public dann déi Filmer bei eis an d'Säll kucke kënnt."

D'CDAC weist sech alles an allem zefridde mam Undrang op déi kleng Kinoen. Zanter fënnef Joer gëtt et de Reseau. 2023 wier mam zweetbeschte Resultat zanterhier ofgeschloss ginn.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Kultur
Politik a Gesellschaft