Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den amerikaneschen Historiker Arno Mayer ass dout

Historiker mat Lëtzebuerger Originnen

Den amerikaneschen Historiker Arno Mayer ass dout

Den amerikaneschen Historiker Arno Mayer, dee Lëtzebuerger Originnen hat, ass dës Woch am Alter vu 97 Joer gestuerwen. An der Stad gebuer ass hien hei am Land opgewuess ier hie mat senger Famill Ufanks de 40er Joren iwwer Ëmweeër zu New York gelant ass. Den Arno Mayer huet an den USA als Historiker eng bedeitend Carrière gemaach. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© Olli Eickholt / Wikimedia Commons play_arrow
Den Arno Meyer 2013 am Luxembourg Institute for European and International Studies. (Foto: Olli Eickholt / Wikimedia Commons)

Enn de 50er, Ufanks de 60er Joren huet den Arno Mayer ënnert anerem op de Universitéite vun Harvard a Princeton enseignéiert. Seng Geschichts-Studien hat hien notamment um New York City College an zu Yale gemaach.

Spezialiséiert huet den Arno Mayer sech am Beräich vun der moderner europäescher Geschicht, mat Fokus op dem Holocaust an op der politescher Geschicht vum 19 an och dem 20 Joerhonnert. Fir seng Thees aus dem Joer 1959 huet hien e wichtege Präis vun der amerikanescher Historiker-Associatioun kritt. Theema hei war waren déi international Relatiounen um Enn vum 1. Weltkrich. Eent vu senge bekanntste Wierker mam Titel „The Furies“ dréint em Gewalt an Terror wärend der franséischer an der russescher Revolutioun. Hien huet sech selwer als Marxist bezeechent.

Den Arno Mayer gouf 1926 an der Stad gebuer, seng Famill huet der jüddescher Gemeinschaft ugehéiert. An der Nuecht vum 9. op den 10. Mee 1940 huet d‘Famill vum deemools 14 Joer alen Arno Mayer Lëtzebuerg virun der Nazi-Okkupatioun verlooss a Richtung Frankräich, vun do aus goung et iwwer Algerien an d’USA.

1944 ass den Arno Mayer amerikanesche Staatsbierger ginn, hien ass och do der Arméi bäigetrueden. Senger Mamm hir Eltere waren zu Lëtzebuerg bliwwen a sinn op Theresienstadt deportéiert ginn, wou säi Grousspapp 1943 gestuerwen ass. Hie selwer ass dës Woch verscheet.

Lauschterenplay_arrow

 

Aktualitéit
Kultur
Politik a Gesellschaft