Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Helado Negro - I Just Want To Wake Up With You

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Hurray For The Riff Raff - The Past Is Still Alive

Album vun der Woch

Hurray For The Riff Raff - The Past Is Still Alive

Op "The Past Is Still Alive“ reest Hurray For The Riff Raff zeréck an d‘Jugend. Ënnermoolt gëtt dat Ganzt vu perfektem Americana-Sound.

auto_stories

3 min

headphones

5 min

play_arrow
Foto: Bandcamp

Den Titel ass Programm beim neien Album vun Hurray For The Riff Raff. “The Past Is Still Alive” hëlt d’Nolauschter:inne mat op en Tour duerch Nordamerika, awer och op eng Rees zeréck an d’Erënnerung. 

Als rebelleschen Teenager war d’Alynda Segarra – déi hanner dem Pseudonym Hurray For The Riff Raff steet – ënnerwee op de Spuere vum Jack Kerouac sengem Kultbuch “On The Road”. Heiansdo ass si dobäi och emol un d’Grenze vun der Legalitéit gaangen, wa si heemlech op Gidderzich geklommen ass, fir sech e Stéck mathuelen ze loossen. Vun deem wat si deemools erlieft huet, a vun de Mënschen deene si begéint ass, erzielt si op “The Past Is Still Alive”, hirer mëttlerweil néngter Plack. 

Déi eegen Identitéit hannerfroen

Am Lidd “Hawkmoon” erënnert Hurray For The Riff Raff sech un déi éischt Transfra, déi si kennegeléiert huet, an déi och den Ausléiser war, fir déi eegen Identiéit ze hannerfroen: “She opened up my mind / in the holes of her fishnet tights”. Alynda Segarra definéiert sech selwer als net-binär a benotzt fir sech selwer de Pronomen “they” (hei mam Pluriel “si” iwwersat). 

Titele wéi “Ogallala” oder “Snake Plant” réckele gesellschaftlech Problemer an de Virdergrond, an enger Manéier déi deelweis un de Bruce Springsteen erënnert: “There’s fentanyl in everything / Don’t become an angel with a broken wing.”

Dass Alynda Segarra selwer ni an d’Drogesucht oder d’Illegalitéit geroden ass, huet si zum Deel der Musek ze verdanken. Fréi huet si gemierkt, datt aus Konflikter net just Schmäerz, mee och Konscht kéint entstoen. Opgewuess ass si an der Bronx bei hirer Tatta an hirem Monni, huet an der Jugend d’New-Yorker Ënnergrond-Zeen erfuerscht an 2007 de Projet Hurray For The Riff Raff gegrënnt. 

Americana a senger schéinster Form

Wärend hir éischt Opnamen nach relativ lo-fi a rau geklongen hunn, huet si sech mat all Album e bësse méi an d’Richtung vun der grousser Bün beweegt. Hir 2022er Release “Life On Earth”, déi éischt fir de Label Nonesuch Records, huet souguer mat Electropop-Elementer iwwerrascht. Op “The Past Is Still Alive” zelebréiert si dann awer Americana an Alternative-Country-Sound a senger schéinster Form.

D’Produktioun ass klassesch, awer net glat. Den Album ass och als Hommage geduecht un der Alynda Segarra hire Papp, dee kuerz virun den Opname verstuerwen ass, an deem seng Stëmm een am leschten Track “Kiko Forever” héiert.

Spannend Features

Hanner dem Mëschpult souz de Brad Cook, dee schonn d’Albume vum Kevin Morby oder Waxahatchee musikalesch agekleet huet. Hien war iwweregens och de Produzent vun der Fenne Lily hirer wonnerbarer 2023er Plack “The Big Picture”. Ofgeronnt gëtt “The Past Is Still Alive” vun enger ganzer Rei spannenden Invitéeën, wéi zum Beispill dem Conor Oberst vu Bright Eyes, der Meg Duffy vun Hand Habits an Anjimile.
 
D’Stäerkt vun Hurray For The Riff Raff ass nieft den Texter, awer och d’Talent fir impeccabel Melodien ze schreiwen, déi scho bal puere Pop sinn. Villäicht géif esou d’Taylor Swift kléngen, wann si zu engem Moment vun hirer Karriär méi eng alternativ Richtung ageschloen hätt. Op alle Fall wier Hurray For The Riff Raff en änleche Succès ze wënsche fir dës ganz authentesch a mat vill Léift fir den Detail elaboréiert Plack, déi nach laang nowierkt.

Lauschterenplay_arrow

Musek
Nei Musek