Radioen

On air

Notturno  |  Jimmy Leen - Black Summer Song

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Jean-Claude Hollerich: Et soll een net deene wéidoen deenen et schlecht geet

Iwwer d'Heescheverbuet

Jean-Claude Hollerich: Et soll een net deene wéidoen deenen et schlecht geet

De Kardinol Jean-Claude Hollerich kritiséiert d’Heescheverbuet. Datt Police dat Verbuet vun haut u mat engem “groussen Dispositif” soll ëmsetzen, géif "bal no engem repressive Staat" ausgesinn, fënnt de Chef vun der kathoulescher Kierch.

auto_stories

1 min

headphones

15 min

© Morgane Weidig play_arrow
Foto: Morgane Weidig

De Kardinol Jean-Claude Hollerich, géif op jiddefalls weider de Leit, déi heeschen, eppes ginn a gëtt ze verstoen, datt d’Autoritéite senger Meenung no ze wäit gaange wieren.

"Dat Betteln, d'Heescherei kann heiansdo iwwergreffech sinn, an dat ass net gutt well da sinn d'Leit am grousse Ganzen dogéint. Mee et soll een och net iwwerreagéieren an och deene Leit wéidinn deenen et immens schlecht geet."

Keng Fuerderungen un nei Regierung

Zu de Relatioune mat der neier Regierung huet de Kardinol gesot et géif ee keng Fuerderunge stellen a keng Sue fuerderen, déi der Kierch net géifen zoustoen.

De méi enke Lien mat der CSV géif iwwerdeems net méi bestoen. Hie géif dat och net bedaueren, sou nach de Jean-Claude Hollerich.

Hie betount iwwerdeems och, datt hien net wéilt a kéint Poopst ginn.

Lauschterenplay_arrow