Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Drogepolitik: “Repressioun eleng bréngt et net”

Video

Drogepolitik: “Repressioun eleng bréngt et net”

Wa probéiert gëtt, d’Drogekriminalitéit reng mat repressive Mesuren ze bekämpfen, da wäert dat Ganzt sech just op eng aner Plaz verlageren. Der Meenung ass de Raoul Schaaf, den Direkter vun der ONG, déi den Drogeconsommatiounsraum Abrigado bedreift.

auto_stories

2 min

headphones

14 min

Raoul Schaaf | © Jo Diseviscourt play_arrow
De Raoul Schaaf ass Direkter vun der ONG, déi den Drogeconsommatiounsraum Abrigado bedreift. (Foto: Jo Diseviscourt)

Hie sot de Moien hei op der Antenn, et kéint een d’Situatioun net vun haut op muer änneren andeems ee méi Iwwerwaachungskameraen ophänkt, oder ee Plazverweis aféiert.

Fir mech war d’Repressioun als eenzegt Mëttel nach ni eng Léisung. Dat huet d’Geschicht an deene leschten 100 Joer eis mengen ech gewisen, datt ëmmer erëm a Situatiounen, wou ee gekuckt huet mat der enger oder anerer Sucht eens ze ginn. Do d’Repressioun als eenzegt Mëttel anzesetzen, dat ass net dat wat et bréngt.”

 

D'Zesummenaarbecht mat de Gemengen wier wichteg

De Raoul Schaaf plaidéiert fir en Zesummespill vu verschiddene Mesuren: Nieft méi Policepresenz a verschiddene Quartieren, géife virun allem och méi Wunnenge gebraucht ginn, wou ee Suchtkranker kann ënner bréngen.

Aktuell si mir bei eppes iwwer 30 Unitéiten, wou mir Leit am Housing First kënnen ënner Daach huelen. Mir sinn ënnert anerem mat der Stad Lëtzebuerg am Gespréich fir déi Zuel ze erhéijen."

 Elleng an der Stad Lëtzebuerg sinn awer d’lescht Joer an enger Nuecht bal 200 Sans-abrise gezielt ginn. De Besoin schéngt also méi grouss ze sinn, mengt och de Raoul Schaaf.

"De Besoin ass, denken ech, mat Sécherheet méi grouss. Mee dat muss fir mech och elo net alles um Territoire vun der Stad Lëtzebuerg stattfannen.”

De Raoul Schaaf mengt, wann all Gemeng am Land zwou oder dräi Wunnenge géif zur Verfügung stelle fir Sans-abrisen ënner ze bréngen, da géif dat de Problem léisen.

Lauschterenplay_arrow