Radioen

On air

Thé Dansant  |  Chic - Good Times

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Premier nennt dräi rout Linnen

Chamberwalen

De Premier nennt dräi rout Linnen

De Premier Xavier Bettel huet dräi rout Linnen, un deenen hien an eventuelle Koalitiounsverhandlunge wéilt festhalen.

auto_stories

2 min

headphones

16 min

Xavier Bettel | © Chris Zeien play_arrow
Foto: Morgane Weidig

Den DP-Spëtzekandidat seet, hie wier géint eng Reduzéierung vun der Aarbechtszäit, déi d’LSAP proposéiert. Hie wier och net mat der CSV hirer Familljepolitik averstanen. Notamment d’Erhéije vum Kannergeld, fir datt een Elterendeel soll doheem bleiwen. Fir de Xavier Bettel kéint dat, am Fall vun enger Scheedung zum Beispill, fir deen Elterendeel, dee sech em d’Kanner këmmert, immens Nodeeler hunn.

Déi drëtt rout Linn, un där de Premier festhält, wier d’Sécherheetspolitik. Och do kéint een net méi esou weidermaache wéi bis elo. D’DP proposéiert dofir ënner anerem eng Comparution immédiate. Dat heescht, datt Persounen, déi festgeholl ginn, direkt engem Riichter solle virgeféiert kënne ginn.

Adaptatiounen an der Steierpolitik: "Wa Sputt do ass"

An der Steierpolitik verspriechen déi Liberal an hirem Walprogramm eng reegelméisseg Adaptatioun vun der Steiertabell un d'Präisdeierecht. De Xavier Bettel wëllt awer net festleeën, wéini déi géife kommen. “Wa Sputt do ass”, betount hien. Och ob d’Indextranchen, déi nach net ugepasst goufen, dorënner fale géifen, wollt de Premier net soen.

Scholdegrenz probéieren anzehalen

D’DP wëllt an den nächste fënnef Joer net méi drop pochen, datt d’Staatsverscholdung ënner 30 Prozent vun der Wirtschaftsleeschtung bleift. D’Partei vum Premier huet d’Wichtegkeet vun der Scholdegrenz an de leschte Joren ëmmer nees betount. Am 100,7-Interview sot de Xavier Bettel awer, datt een ënner gewëssen Ëmstänn och kéint iwwer déi Limitt erausgoen.

 

Chamberwalen 2023
Logement
Mobilitéit
Politik
Politik a Gesellschaft
Interview
Wirtschaft
Ëmwelt