Radioen

On air

Resonanzen  |  Paul Constantinescu - Pianosconcerto, III. Presto - Oliver Triendl (Piano), Norddeutsche Philharmonie Rostock, Marcus Bosch (Dir.)

play_arrow Live
search

/ Bankenassociatioun: 2023 war een “aussergewéinlecht” Joer

Wirtschaft a Finanzen

Bankenassociatioun: 2023 war een “aussergewéinlecht” Joer

D’Lëtzebuerger Banken hunn d’lescht Joer e Rekordgewënn gemaach. Dem neie President vun der Bankenassociatioun ABBL no kéinten d'Banken elo beispillsweis méi investéieren. Mee wat bedeit dat alles fir d'Clienten?

auto_stories

2 min

headphones

15 min

play_arrow
Den neie President vun der Bankenassociatioun ABBL, den Yves Stein. (Foto: Jo Diseviscourt)

Duerch de Rekordgewënn vum leschte Joer kéinten d'Banken elo méi investéieren, esou den neie President vun der Bankenassociatioun ABBL am 100,7-Interview. Dem Yves Stein no kënnen d’Banken elo zousätzlech Leit astellen a weider an d’Digitaliséierung investéieren. 

Den Trend läit beim Digitalem

Den ABBL-President betount awer och, 2023 wier een “aussergewéinlech gutt Joer” gewiescht. D’Banke géif deemno domat rechnen, datt d’Gewënner dëst Joer nees zeréck ginn.

Den Yves Stein betount och, datt d’Banken elo kéinten zousätzlech Leit astellen. Datt d’Banken nees méi an hirt Agencennetz investéiere wier dogéint éischter onwahrscheinlech.

“Ech mengen, d’Agencë ginn haut manner benotzt, ewéi fréier. Do si mir an engem Trend zu méi Digitalem, den och vun de Leit ëmmer méi gebraucht gëtt.”

Wat spréngt fir de Client dobäi raus?

Wann d’Benefisser vun de Banken esou héich sinn, kéinten d’Banken hire Clienten net och elo besser Conditiounen op hire Prêten a Spuerkonten offréieren? Dat war d'Fro un den Yves Stein. Hie mécht de Constat, datt d'Banke kompetitiv sinn.

“Dat heescht: D’Banke sinn ëmmer drun interesséiert e Geschäft ze maachen, a Clienten ze gewannen. Si sinn ëmmer drun interesséiert, Kreditter ze maachen. A wann et do op ee mol vill méi interessant géif ginn, well d’Benefisser erop ginn, da géif Dir do och ganz séier gesinn, datt d’Banke sech ënnertenee Konkurrenz maachen.”

Lauschterenplay_arrow

 

Aktualitéit
Wirtschaft