Radioen

On air

Notturno  |  Jordan Moser - 300 MYR

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Alexandra Schoos: "Mir sinn do, wou d'CSV virun 20 Joer war"

ADR

Alexandra Schoos: "Mir sinn do, wou d'CSV virun 20 Joer war"

14 Joer nom Robert Mehlen huet d'ADR nees een Deputéiertemandat am Bezierk Oste gewonnen. D'Alexandra Schoos ass déi éischt Fra, déi fir d'Partei an d'Chamber kënnt.

auto_stories

2 min

headphones

14 min

Alexandra Schoos | © Chris Zeien play_arrow

D’Alexandra Schoos, dat neit Gesiicht vun der ADR an der Chamber, fënnt net, datt hir Partei méi no riets geréckelt wier zanter hire Papp, de Jean-Schoos, net méi Partei-President ass. Si hätt éischter den Androck, all déi aner hätte sech méi no lénks beweegt.

Als éischt Fra fir d'ADR an der Chamber

D’Alexandra Schoos ass déi éischt Fra, déi jee fir d’ADR an d’Chamber gewielt ginn ass. Déi 35 Joer al Duechter vum fréiere Parteipresident Jean Schoos huet e Sonndeg derfir gesuergt, datt d’ADR no dräi Legislaturperioden nees e Mandat am Walbezierk Oste gewonnen huet. Wat de Positionnement vun hirer Partei ubelaangt, sot d’Alexandra Schoos, datt d'ADR am gudde Sënn konservativ wier.

"Mir sinn awer och liberal, fir de Choix a verschiddenen Beräicher. Vläicht ass et gutt, datt ech elo erakomm sinn, wann dat den Image ass, datt mir méi riets sollen orientéiert sinn."

"Et ass mir net Wurscht"

“Mir stinn haut do wou d’CSV virun 20 Joer war”, seet d'Alexandra Schoos, am 100,7-Interview. Vu rietsextremen Tendenze géif si sech distanzéieren. Dat wier hir "net wurscht”. 

Iwwer de Kandidat, deen d’ADR nees vun hirer Ost-Lëscht geholl hat, wéi Nazi-frëndlech Facebook-Posten op senger Säit opgetaucht sinn, sot si, datt wann d'Partei "e ganz uerge Verdacht gehat hätten", wier déi Persoun ni mat op d'Lëscht geholl ginn. Si géif och en Aen op eventuell méi riets Tendenze behalen, sou d'Alexandra Schoos.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Chamberwalen 2023
Politik
Politik a Gesellschaft
Interview